Wikipedia:FAQ Administratioun
Ausgesinn
Wikipedia-FAQ-Sammlung
Generell FAQ |
FAQ fir d'Lieser |
FAQ fir déi, déi matschaffen |
FAQ fir d'Administratioun |
Diskussiounssäiten-FAQ |
Biller-FAQ |
Technesch FAQ |
Rechtleches
F. Wie bestëmmt d'Reegelen?
[Quelltext änneren]- Ä. Liest heizou den Artikel iwwer d'Reegelen.
F. Wat ass en Administrateur? Wat ass e Sysop?
[Quelltext änneren]- Ä. Dës zwéin Nimm bedeiten eigentlech dat selwecht. En Administrateur oder Sysop ass einfach e Wikipedianer, deen e puer Funktioune méi zur Verfügung huet wéi en normale Benotzer, zum Beispill Säite läschen, protegéieren, IP-Adresse spären asw.
F. Wéi gëtt een Administrateur?
[Quelltext änneren]- Ä.: Liest dozou den Artikel Wikipedia:Administrateuren.
F. Wien iwwerwaacht d'Administrateuren?
[Quelltext änneren]- Ä. D'Administrateuren iwwerwaache sech géigesäiteg. All Administrateur ka quasi alles réckgängeg maachen, wat en aneren Administrateur gemaach huet. An extreeme Fäll kann och nach ëmmer e Steward oder den Jimbo Wales kontaktéiert ginn.
F. Wat ass en Entwéckler?
[Quelltext änneren]- Ä. Et gëtt zwou Zorte vun Entwéckler. Engersäits d'Entwéckler vun der Wikipedia-Software ([1]) an d'lokal Entwéckler vun deene eenzele Wikipediaen, déi méi Rechter wéi e Sysop hunn (z. B. d'Datebank spären).