Wikipedia:FAQ Participanten
Ausgesinn
Fir unzefänken
[Quelltext änneren]F. Wisou sollt ech bei Wikipedia matmaachen?
[Quelltext änneren]- Ä. Et gëtt genuch Grënn, fir bei Wikipedia matzemaachen:
- Well et Spaass mécht.
- Well et einfach ass.
- Well et engem d'Méiglechkeet bitt fir säi Wësse weider ze vermëttelen.
- Well ee Leit aus de verschiddensten Domainer kenneléiert.
- Well Dir aner Leit verbessere kënnt, ouni ëm Erlabnes ze froen ;-)
F. Gëtt et Reegelen, un déi ee sech hale muss?
[Quelltext änneren]- Ä. Jeen. Et si keng Gesetzer an deem Sënn, mä et gëtt schonn eng Partie Richtlinnen, déi dir hei fannt.
F. Gëtt et eng Plaz, wou ech mol e bëssen teste kann, ouni eppes futti ze maachen?
[Quelltext änneren]- Ä.: Jo, all Är Tester kënnt Dir an der Sandkaul maachen.
F. Ech géif gären hëllefen, mä ech fäerten, Dommheeten ze soen.
[Quelltext änneren]- Ä. De gudde Wëlle spillt schonn eng grouss Roll. No enger Zäitche wäert Dir mierken, datt alles net sou schwéier ass, also zéckt net a sprangt an d'kaalt Waasser! Wann et guer net geet, kënnt Dir nach ëmmer gehollef kréien.
E Benotzerkont opmaachen
[Quelltext änneren]F. Muss ech ee Benotzerkont hunn oder kann ech och anonym ënner enger IP-Adress schreiwen?
[Quelltext änneren]- Ä. Dir sidd häerzlech wëllkomm ënner ärem richtegen Numm, engem Spëtznumm oder – ganz anonym – enger IP-Adress matzeschaffen!
F. Wat ass eigentlech e Benotzerkont a wat bréngt en?
[Quelltext änneren]- Ä. Kuckt Wikipedia:Benotzernumm fir all Renseignement iwwer Äre Benotzerkont.
F. Ech géif gäre mäi Benotzernumm änneren.
[Quelltext änneren]- Ä. Frot op w:en:Wikipedia:Changing username un.
Uleeën, Änneren a Läsche vu Säiten
[Quelltext änneren]F. Wéi maachen ech e ganz neien Artikel op?
[Quelltext änneren]- Ä. Ier Dir en neien Artikel ufänkt, iwwerpréift als éischt mat der Volltextsich, ob et net schonn en Artikel zu deem Theema ënner engem aneren Titel gëtt. Wann et nach keen Artikel gëtt, da kuckt Iech Wikipedia:Neien Artikel schreiwen un a fuert dann duer mat Schreiwen.
F. Wéi änneren ech en Artikel?
[Quelltext änneren]- Ä. All Artikel huet uewen op der Säit e Reider „Änneren“ an/oder „Quelltext Änneren“. Bei der éischter Variant, kann den Text am VisualEditeur g'ännert ginn, dat heescht am Text, esou wéi en am Lies-Modus gewise gëtt. Déi Method eegent sech besser fir en Newcomer.
- Mat der Variant „Quelltext Änneren“ kënnt een an de Quelltext, dat gesäit sech schonn e bësse méi „informatesch“ un, mat Sonnerzeeche wéi Klameren, Akkoladen, asw.
- Klickt op deen een oder anere Knäppchen an da kommt Dir an den Editéier-Modus. Korrigéiert oder komplettéiert den Artikel a klickt dann op e Knäppche mat der Opschrëft "Ännerunge publizéieren"; schreift nach e Resumé wat der g'ännert hutt, a schonn ass den Artikel g'ännert a publizéiert.
- Et gëtt am Editéier-Modus och nach e Knäppchen "Kucken ouni ofzespäicheren", deen Iech et erlaabt eng Virschau vum geännerten Artikel ze gesinn, sou datt Dir eventuell Presentatiounsproblemer nach behiewe kënnt ouni den Artikel all Kéier tëschenzespäicheren. De Knäppchen "Kuckt Är Ännerungen no" hieft all Är Ännerungen ervir, sou datt Dir nach virum Späichere kontrolléiere kënnt, ob der z. B. net onabsichtlech e Paragraph geläscht hutt.
- Weider Erklärungen dozou, notamment iwwer d'Wiki-Befeeler fir Titelen a Linken an en Artikel ze setzen, fannt der op Wéi änneren ech en Artikel.
F. Wéi weess en aneren, datt ech grad un engem bestëmmten Artikel schaffen?
[Quelltext änneren]- Ä. Wann Dir ufänkt an engem Artikel eppes z'änneren, ass et ubruecht, uewen an der éischter Zeil d'Schabloun {{EnCours}} dranzesetzen an ze späicheren. Duerno nees op „Änneren“ klicken a weider am Artikel schaffen. Aner Benotzer gesinn dann, datt um Artikel geschafft gëtt a gi gefrot ze waarden, bis Dir mat Ären Ännerunge fäerdeg sidd. Vergiesst net, d'Schabloun nees ze läsche wann der fäerdeg sidd.
F. Wéi änneren ech den Titel vun engem Artikel? Z. B. den Artikel „D'Egyptologie“ sollt éischter „Egyptologie“ heeschen.
[Quelltext änneren]- Ä. Gitt op d'Säit, vun där Dir den Titel ännere wëllt, a klickt op "Réckelen" (uewen am Menü). En einfache Copy/Paste op en neien Artikel soll net onbedéngt gemaach ginn, well dobäi den Historique verluer geet. Eng méi ausféierlech Erklärung zu deem Theema fannt der op Hëllef:Wéi réckelen ech eng Säit.
F. Wéi kann ech rezent Ännerunge bei enger Säit verfollegen, ouni all Kéier mussen op d'Säit ze goen?
[Quelltext änneren]- Ä. Gitt op d'Säit a klickt op de Stärchen uewe riets fir d'Säit op Är Iwwerwaachungslëscht ze setzen. Lo braucht Dir nëmmen nach an Är Iwwerwaachungslëscht kucken ze goen.
F. Wat geschitt, wann zwou oder méi Persounen zur selwechter Zäit um selwechten Artikel schaffe wëllen?
[Quelltext änneren]- Ä. Nëmmen déi éischt Persoun kann hir Ännerunge späicheren. Déi aner kréien e "Versiounskonflikt"-Message ugewisen a kënnen hir Ännerunge bei déi neist Versioun dobäisetzen.
F. Wéi kann ech eng Säit läschen?
[Quelltext änneren]- Ä1. Dëst soll mat vill Virsiicht geschéien, virun allem, wann Dir net den Auteur vun der Säit sidd oder wa vill Leit dru geschafft hunn. Mä eigentlech kann Iech keen ophalen, wann dir carrement den Text vun der Säit läscht.
- Ä2. Meeschtens kann eng Säit, amplaz se ze läschen, als Viruleedung op eng méi pertinent Säit fungéieren. Wann zum Beispill een e gudden Artikel ënner „Mayrisch“ geschriwwen huet, wier et méi logesch, dat bei Émile Mayrisch ze schreiwen an dann eng Viruleedung ze setzen. Vergiesst nämlech net, datt op déi Säit, déi Dir läscht, och aner Säite linke kënnen; Linken, déi dee Moment natierlech net méi funktionéieren.
- Ä3. Fir eng Säit definitiv ze läsche musst Dir Administrateur-Rechter hunn.
F. Wéi kann ech eng Säit änneren, op där schonn eng Viruleedung besteet?
[Quelltext änneren]- Ä. Loosst iech redirigéieren. Uewen op der Säit fannt dir e Message: "(Virugeleet vu(n) xyz)", woubäi "xyz" e Link ass. Klickt op dëse Link an Dir kënnt d'Säit "xyz" änneren.
F. Wat ass eng Spezialsäit?
[Quelltext änneren]- Ä. Et gëtt eng Rei Spezialsäiten, zum Beispill Rezent Ännerungen. Dës Säite gi vum System generéiert a kënnen net vun de Benotzer geännert ginn.
Biller op Wikipedia benotzen
[Quelltext änneren]F. Wéi kréien ech e Bild op meng Säit?
[Quelltext änneren]- Ä. Vergewëssert Iech als éischt, datt dir d'GNU Free Documentation License respektéiert.
Iwwer d'Spezialsäit Eroplueden (dee Link steet och op all Säit an Ärer Geschierkëscht, virausgesat Dir hutt Iech ageloggt) kommt dir op e Guide, deen Iech hëlleft fir eng Foto (oder en anere Medium, wéi z. B. e Video) op Wikimedia Commons (dat ass eng zentral Datebank mat Mediendateien) eropzelueden, virausgesat Dir haalt Iech un d'Reegelen, déi do opgezielt sinn.
- Technesch a juristesch Detailer fir Biller eropzeluede gitt Dir bei Wikipedia:Biller gewuer.
F. Wéi kann ech op e Bild linken, ouni et unzeweisen?
[Quelltext änneren]- Ä. Et gëtt verschidde Syntaxen:
- [[Fichier:truc.jpg]] weist d'Bild selwer un.
- [[:Image:truc.jpg]] setzt e Link op d'Beschreiwungssäit vum Bild (nëtzlech op den Diskussiounssäiten).
- [[Media:truc.jpg]] setzt e Link op d'Bild.
F. Meng Biller sinn ze grouss fir d'Säit.
[Quelltext änneren]
- Ä1. Wann d'Bild och an enger méi klenger Versioun gutt ausgesäit, kënnt Dir et op Ärem Computer mat engem entspriechende Programm (Photoshop, PaintShop, asw.) an déi richteg Form bréngen.
- Ä2. Soll d'Bild an enger grousser Versioun op Wikipedia ze fanne sinn, benotzt follgend Syntax fir e Minitaturbild (Thumbnail) ze kreéieren:
- [[Fichier:Numm_Bild.jpg|thumb|Gréisst|Beschreiwung]].
Auteursrechter a Copyright
[Quelltext änneren]F. Ech hunn eng interessant Source vun Donnéeë fonnt, mä ech weess net, ob ech dat a mäin Artikel kopéieren dierf.
[Quelltext änneren]- Ä. Wikipedia gëtt ënner der GFDL- an der CC-BY-SA-Lizenz publizéiert. Am Resümmee, à moins Är Donnéeë stamen (1) aus dem Domaine public (d. h. kee kann Auteursrechter reklaméieren) oder sinn och (2) ënner der GFDL- oder der CC-Lizenz publizéiert, ass et besser, d'Donnéeën net ze kopéieren.
- Beim klengsten Zweiwel ass et besser, fir d'éischt ze froen.
F. De Contenu vu Wikipedia, ass dee "fräi" (am Sënn vun Free content)?
[Quelltext änneren]- Ä. Den Text-Contenu vu Wikipedia steet ënner der Creative Commons BY-SA 4.0 Lizenz an, wann net aneschters uginn, aus Kompatibilitéitsgrënn och nach ëmmer ënner der GNU Free Documentation License. Déi eenzel Biller, Toun- oder Videodokumenter, déi an d'Wikipedia agebonne sinn, kënnen ënner Ëmstänn ënner enger anerer fräier Lizenz stoen, a ganz speziellen Ausnamefäll kéint een och op eng onfräi a just op der Wikipedia erlaabt Lizenz stoussen, wat een ëmmer nokucke kann, andeems een op d'Bild oder d'Dokument klickt an d'Lizenzbestëmmungen noliest.
F. Ech kann d'Autorisatioun kréie fir divers Dokumenter op Wikipedia ze benotzen. Geet dat duer?
[Quelltext änneren]- Ä. Äert Dokument muss dee Moment och ënner der CC-BY-SA 4.0 a wa méiglech och der GFDL kënne publizéiert ginn. Frot dat wgl. no.
F. Däerf een op Wikipedia Wuert fir Wuert Gesetzestexter oder aneres kopéieren?
[Quelltext änneren]- Ä. Jo, Zitater sinn erlaabt, mä si mussen tëscht Gänseféisercher stoen an Dir musst d'Originalquell uginn.
Verschiddenes
[Quelltext änneren]F. Ech hunn en Artikel ugefaangen, mä si mat mengem Latäin um Enn. Wéi kréien ech anerer dozou, den Artikel ze completéieren?
[Quelltext änneren]- Ä. Wann Dir am Artikel de Standardmessage {{Skizz}} virun den Text setzt, da kënnt Ären Artikel an d'Lëscht vun de Skizze stoen an iwwert dem Inhalt vum Artikel gëtt dëse Message ugewisen:
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dir kënnt och méi eng spezifesch Versioun vun der Skizze-Schabloun wielen (kuckt Kategorie:Schablounen:Skizzen fir all d'Méiglechkeeten), z. B. {{SkizzBio}} fir dee follgende Message ze kréien:
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |