Wikipedia:Communautéit/Konflikt

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Konflikter sollen op kee Fall an engem Edit-War ausgedroe ginn, wou ee User deem anere seng Ännerungen an engem Artikel dauernd nees läscht an ëmgedréint. Jiddereen ass ugehalen, roueg a besonnen ze reagéieren, an all potentiell Meenungsverschiddenheet kloer a sachlech op der Diskussiounssäit vum betraffenen Artikel oder um Stamminet zur Sprooch ze bréngen. Bäi ganz gravë Problemer kënnen e puer Administratore sech och zu engem Vermëttlungsausschoss forméieren a sech an der Mediatioun versichen.


<< Wou kann ech diskutéieren oder Froe stellen ?  –  Wiki-Funktiounen >>