Wikipedia:Benotzerkont gespäichert Informatiounen

Vu Wikipedia

Dës Säit erkläert iech, wat fir Informatioune gespäichert ginn, wann der d'Wikipedia besicht, respektiv matschafft.

Opgepasst: Wikipedia benotzt Cookies nëmme wann der e Benotzerkont hutt.

Wann der eng Säit liest[Quelltext änneren]

Op Anonym oder Stammclient, keng Informatioun gëtt weidergi wann der eng Säit liest.

Wann der eng Säit ännert oder eng ganz nei Säit opsetzt[Quelltext änneren]

D'Ännerung oder d'Kreatioun vun enger Säit bréngt mat sech, datt dat an den Historique vun der Säit stoe kënnt. Dësen Historique vun de Versiounen ass net verännerbar.

Als anonymme Benotzer[Quelltext änneren]

Wann der eng Säit ännert oder nei opsetzt, egal ëm wéi eng Säit et dobäi geet, gëtt är IP Adress ugewisen. Dës Adress, ouni elo ze vill an d'technesch Detailer ze goen, kann zréckverfollegt ginn op är Schoul, äre Cybercafé, är Firma, etc. Wann der wierklech net wëllt erkannt ginn, ass et besser der kreéiert iech e Benotzerkont.

Als ageschriwwene Benotzer[Quelltext änneren]

Nëmmen äre Pseudonym gëtt ugewisen, wann der en Artikel ëmännert/kreéiert. Op dëst äre richtegen Numm ass, bleift iech iwwerlooss. Keng IP-Adress gëtt publik, d. h. si gëtt natierlech trotzdeem gespäichert, mee just e Benotzer-Kontroller oder en Developer huet ënner restriktive Konditiounen dorop Zougank.