Willy Vandersteen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Willy Vandersteen
Gebuertsnumm Willebrord Jan Frans Maria Vandersteen
Pseudonym Kaproen, Wil, Wirel
Gebuer 15. Februar 1913
Antwerpen
Gestuerwen 28. August 1990
Antwerpen
Nationalitéit Belsch
Educatioun Royal Academy of Fine Arts
Aktivitéit Comicauteur, Dréibuchauteur, Moler, Auteur, Comicauteur

De Willy Vandersteen, mam ganzen Numm Willebrord Jan Frans Maria Vandersteen, gebuer de 15. Februar 1913 zu Antwerpen a gestuerwen den 28. August 1990 zu Edegem, ass e flämesche Comiczeechner an Zeenarist. Hien ass ee vun de bekanntsten Zeechner vun der sougenannter École d'Anvers.

De Vandersteen huet mat 26 Joer ugefaangen ze zeechnen, am Ufank haaptsächlech fir Zeitungen. Hien huet Biller fir iwwer dausend Titele gezeechent a fir 15 Serien.

En éischte grousse Succès hat hien an Däitschland mat dem Comic Bessy. 1945 huet hie mat der Serie Rikki en Wiske ugefaangen, déi spéider a Suske en Wiske ëmgedeeft gouf an an der franséischer Versioun ënner dem Numm Bob et Bobette erauskoum.

1948 huet hien ugefaange fir de Journal Tintin ze schaffe mat der Publikatioun vu Le Fantôme espagnol. Ausser de Bänn vu Bob et Bobette huet hie beim Hergé de Comic Tijl Uilenspiegel gezeechent.

Vum Hergé krut hien de Spëtznumm Brueghel de la Bande dessinée.

De Willy Vandersteen ass de Pätter vum Johan De Moor deen 2008 de Präis vu Press Cartoon Belgium krut an de Bouf vum Bob de Moor ass.