Wolfgang Geiselhart

Vu Wikipedia
Wolfgang Geiselhart
Gebuer 26. Juni 1962
Aktivitéit Schrëftsteller

De Wolfgang Geiselhart, gebuer de 26. Juni 1962 zu Dentingen a Baden-Würtemberg ass en däitschen Auteur.

Nodeem de Wolfgang Geiselhart eng Ausbildung fir Maschinneschlässer hanneru sech hat, huet hien op der Universitéit Karlsruhe (TH) fir Wirtschaftsingenieur studéiert fir zu St. Gallen säin Dokter a quantitativer Betriebswirtschaftslehre ze maachen.

Hie lieft haut zu Lëtzebuerg mat senger Fra Sylke an hie schafft op enger Bank.

De Wolfgang Geiselhart war Member vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband.

Säi literarescht Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Säin éischte Roman Die Unternehmungen des Karl Odermatt koum 2005 am Karin-Fischer-Verlag zu Oochen eraus. Um Cover ass d'Bild Mystic Group vum Steffi Grübler vu Chrëschtnech.