Xavier Naidoo
![]() |
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Xavier Naidoo | |
---|---|
| |
Pseudonym | Xavier Naidoo |
Gebuer |
2. Oktober 1971 Mannheim |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Liddermécher, Vokalist, Schauspiller, Rapper |
De Xavier Kurt Naidoo, gebuer den 2. Oktober 1971 zu Mannheim, ass een däitsche Soul- an R&B-Sänger. Nieft senger Solocarrière ass e Matgrënner vun der däitscher Museksgrupp Söhne Mannheims a war en Dozent op der Popakademie Baden-Württemberg. Doriwwer eraus huet hie mat Beats Around the Bush an naidoo records eege Plackelabele gegrënnt.
2011 an 2012 souz hien an der Jury vun der TV-Castingshow The Voice of Germany. Tëscht 2014 an 2016 huet hien och déi éischt dräi Staffele vun der Sendung Sing meinen Song – Das Tauschkonzert moderéiert.
2015 war ugekënnegt ginn, datt de Xavier Naidoo Däitschland beim Eurovision Song Contest 2015 vertriede sollt. Déi Entscheedung huet wéinst dem Sänger senge politeschen Aussoen hefteg kritiséiert.[1][2] Doropshi gouf déi Decisioun nees réckgängeg gemaach, wat dunn awer och erëm eng Protestwell ausgeléist huet.[3][4]
De Xavier Naidoo ass mat bal all wichtegem däitsche Musekspräis ausgezeechent ginn (1 Live Krone, Bravo Otto, ECHO, Comet, Goldene Kamera, Goldene Stimmgabel, MTV Europe Music Awards, etc).
Diskographie[änneren | Quelltext änneren]
Studioalbumen[änneren | Quelltext änneren]
- 1994: Seeing Is Believing (als Kobra
- 1998: Nicht von dieser Welt
- 2002: Zwischenspiel – Alles für den Herrn
- 2005: Telegramm für X
- 2009: Alles kann besser werden
- 2012: Gespaltene Persönlichkeit (mam Kool Savas als Xavas)
- 2013: Bei meiner Seele
- 2016: Nicht von dieser Welt 2
- 2017: Für dich.
Bekannt Lidder (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]
- 1999: Sie sieht mich nicht
- 2002: Wo willst du hin?
- 2002: Bevor du gehst
- 2002: Abschied nehmen
- 2003: Ich kenne nichts (das so schön ist wie du)
- 2005: Dieser Weg
- 2006: Danke
- 2006: Was wir alleine nicht schaffen
- 2007: Das hat die Welt noch nicht gesehen (mat de Söhne Mannheims)
- 2009: Alles kann besser werden
- 2010: Bitte hör nicht auf zu träumen (live)
- 2012: Schau nicht mehr zurück (mam Kool Savas als Xavas)
- 2013: Bei meiner Seele
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Der Spiegel: "Haarsträubende Fehlentscheidung" (19. November 2015)
- ↑ Der Spiegel: NDR-Mitarbeiter protestierten gegen Naidoo-Nominierung (24. November 2015)
- ↑ Süddeutsche Zeitung: Lieberberg über Naidoo und den ESC: "Erschüttert über die Heuchelei" (29. November 2015)
- ↑ Die Welt: Til Schweiger nennt Kritik an Naidoo „Terrorismus“ (22. November 2015)