Yves Leterme

Vu Wikipedia
Yves Leterme
Gebuer 6. Oktober 1960
Wervik
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Politiker, Diplomat
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

Den Yves Camille Désiré Leterme, gebuer de 6. Oktober 1960 zu Wervik, ass e belsche Politiker vun der Partei CD&V. Hie war Ministerpresident vun der Regioun Flandern a war vum 20. Mäerz bis den 30. Dezember 2008 belsche Ministerpresident vun der Regierung, déi aus de Parlamentswale vum 10. Juni 2007 ervirgoung. De Leterme huet misse wéinst enger Justizaffaire zerécktrieden, an den Herman Van Rompuy gouf Premier. Wéi deen zum éischte permanenten EU-Conseilspresident nominéiert gi war, gouf de Leterme eng zweet Kéier, de 24. November 2009, vum Kinnek Albert II. zum Premierminster ernannt.

Vun de Wale vum Juni 2010 bis zu der Ernennung vun enger neier Regierung, de 5. Dezember 2011, huet hie faisant fonction d'Amtsgeschäfter virugefouert. Zanter uganks 2012 huet hien en héije Managementposte bei der OECD.

De Leterme ass bestuet an huet dräi Kanner. Hie wunnt zu Ypern.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Yves Leterme – Biller, Videoen oder Audiodateien