Zöllner (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Zöllner
De Krater Zöllner (lénks uewen) an de Kant (ënne Mëtt), opgeholl vun Apollo 16
Koordinaten 7°58'12"S, 18°54'0"O
Duerchmiesser 45,89 km
Déift 700 m
Selenographesch Längt 341° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ20


Den Zöllner ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit, westlech vum Sinus Asperitatis. Am Norde läit dee méi klenge Krater Alfraganus an am Nordwesten zeechent sech den ovale Krater Krater Taylor of. Südëstlech läit de Krater Kant.

De Kraterrand vum Zöllner ass en onreegelméissegen Oval mat der gréisster Ausdeenung an Nord-Süd-Richtung. D'Kraterwand ass niddreg an ofgedroen. Um südëstlechen Enn schléisst sech eng verzerrt, kraterähnlech Déift un. De schmuele Kraterbuedem huet en zentrale Bierg.

D'Landeplaz vun Apollo 16 läit zirka 80 Kilometer west-südwestlech vum Kraterrand.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
D 8,42° S, 17,64° O7 24 km [1]
E 8,84° S, 18,25° O7 5 km [2]
F 7,6° S, 21,96° O7 27 km [3]
G 7,34° S, 20,86° O7 10 km [4]
H 7,13° S, 19,12° O7 7 km [5]
J 6,21° S, 20,67° O7 10 km [6]
K 6,54° S, 20,79° O7 7 km [7]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]