Pullover

Vu Wikipedia
E Mann mat engem Pullover a verschiddene Brongtéin

E Pullover (IPA: [p(u)l'o:vɐ]) ass e Gezei mat zwéi laangen Äerm dat den Uewerkierper bedeckt. Ëm den Hals huet e generell e ronnen Ausschnëtt oder e Rollcol.

Am Géigesaz zu anere Kleedungsstécker wéi zum Beispill der Jackett kann een de Pullover iwwer Bauch a Broscht net op- an zoumaachen. Fir de Pullover unzedoen, muss een en iwwer de Kapp strëppen. Dohier kënnt och den Numm: vun den englesch Wieder "to pull" (= zéien) an "over" (= iwwer).

E Pullover kann aus Woll gestréckt sinn oder aus anerem Material wéi Kotteng oder Konschtfasere gemaach sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pullover – Biller, Videoen oder Audiodateien