Op den Inhalt sprangen

Gilles Müller: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Infobox Aktualiseiert
k Zinneke huet d'Säit Gilles Muller op Gilles Müller geréckelt: schreift sech mat Umlaut
(Keen Ënnerscheed)

Versioun vum 09:33, 5. Dez. 2014

Gilles Müller
De Gilles Müller bei den US Open 2008
Spëtznumm: Mulles
Nationalitéit: Lëtzebuerg
Gebuertsdag: 9. Mee 1983
Gréisst: 193 cm
Gewiicht: 92 kg
1. Profisaison: 2001
Spillhand: Lénks
Trainer: Jean-Rene Lisnard - Alexandre Lisiecki
Präisgeld: 2.378.581 $
Eenzel
Carrièrebilanz: 116:124
Bescht Plaz: 42 (3. Oktober 2011)
Aktuell Plaz: 66
Grand-slam-Bilanz
Grand-Slam-Titel: 0
Dubbel
Carrièrebilanz: 28:45
Bescht Plaz: 147 (10. Oktober 2005)
Aktuell Plaz: 222
Grand-Slam-Bilanz
Grand-Slam-Titel: 0
Leschten Update 15. September 2014

De Gilles Müller, gebuer den 9. Mee 1983 zu Schëffleng, ass e lëtzebuergeschen Tennisprofi.

2001 hat de Gilles Muller d'US Open bei de Juniore gewonnen. An der Finall hat hien do den Yeu-Tzuoo Wang vun Taipeh geschloen. Duerno war hien d'Nummer 1 vun der Welt bei de Junioren.

2008 stoung hien an der Véirelsfinall vun den US Open am Tennis, wou e géint de spéideren Gewënner Roger Federer ausgescheet ass (7-6 (7-5) 6-4 7-6 (7-5)). Domat ass hien net nëmmen den éischte Lëtzebuerger, deen et sou wäit an engem Grand-Slam-Turnéier gepackt huet, mä och den zweete Qualifikant iwwerhaapt, dee bei den US Open bis an d'Véirelsfinall komm ass.

Remarquabel Resultater vum "Mulles" géint Top-Spiller ware seng Victoirë géint de Rafael Nadal bei den 2005 Wimbledon Championships, géint den Andy Roddick an der éischter Ronn vun den US Open 2005, géint den Andre Agassi an der Halleffinall vum 2004 Legg Mason Tennis Classic, géint den Tommy Haas, den Nicolás Almagro an den Nikolai Dawydenko bei den US Open 2008.

Bei den Australian Open 2009 zu Melbourne koum hie bis an déi drëtt Ronn an huet do géint de Juan Martín del Potro a véier Sätz verluer.

No enger laanger Verletzungspaus, war de Muller am Februar 2010 zäitweileg op der 459. Plaz an der ATP-Weltranglëscht. Nodeem hien 2011 bei den US Open an der Aachtelsfinall géint de Rafael Nadal verluer huet, ass hien an der ATP-Weltranglëscht op déi 42. Plaz eropgeklommen, säi bis ewell bescht Klassement.

Um Spaweck

Commons: Gilles Muller – Biller, Videoen oder Audiodateien