Gilles Müller

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gilles Muller)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gilles Müller
De Gilles Müller 2014 zu Wimbledon
Spëtznumm: Mulles
Nationalitéit: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Gebuertsdag: 9. Mee 1983
Gréisst: 193 cm
Gewiicht: 92 kg
1. Profisaison: 2001
Spillhand: Lénks
Trainer: Jamie Delgado - Alexandre Lisiecki
Präisgeld: 2.769.264 $
Eenzel
Carrièrebilanz: 133:138
Bescht Plaz: 34 (16. Februar 2015)
Aktuell Plaz: 55
Grand-Slam-Bilanz-Eenzel
Grand-Slam-Titel: 0
AustralianOpen = AF (2015)
FrenchOpen = 2R (2012, 2015)
Wimbledon = 3R (2005, 2011)
USOpen = VF (2008)
Dubbel
Carrièrebilanz: 32:53
Bescht Plaz: 147 (10. Oktober 2005)
Aktuell Plaz: 200
Grand-Slam-Bilanz-Dubbel
Grand-Slam-Titel: 0
AustralianOpen = 1R (2006, 2015)
FrenchOpen = 1R (2005, 2006, 2013, 2015)
Wimbledon = 2R (2014)
USOpen = 1R (2005)
Aktualiséiert: 30. Mee 2015

De Gilles Müller, gebuer den 9. Mee 1983 zu Schëffleng, ass e lëtzebuergeschen Tennisprofi.

2001 hat de Gilles Müller d'US Open bei de Juniore gewonnen. An der Finall hat hien do den Yeu-Tzuoo Wang vun Taipeh geschloen. Duerno war hien d'Nummer 1 an der ITF Tennis-Weltranglëscht bei de Junioren.

2008 stoung hien an der Véirelsfinall vun den US Open am Tennis, wou e géint de spéidere Gewënner Roger Federer mat 7-6 (7-5), 6-4, 7-6 (7-5) verluer huet. Domat ass hien net nëmmen den éischte Lëtzebuerger, deen et sou wäit an engem Grand-Slam-Turnéier gepackt huet, mä och den zweete Qualifikant iwwerhaapt, dee bei den US Open bis an d'Véirelsfinall komm ass.

Bemierkenswäert Resultater vum Gilles Müller géint Top-Spiller ware seng Victoirë géint de Rafael Nadal bei den 2005 Wimbledon Championships, géint den Andy Roddick an der éischter Ronn vun den US Open 2005, géint den Andre Agassi an der Halleffinall vum 2004 Legg Mason Tennis Classic, géint den Tommy Haas, den Nicolás Almagro an den Nikolai Dawydenko bei den US Open 2008.

Bei den Australian Open 2009 zu Melbourne koum hie bis an déi drëtt Ronn an huet do géint de Juan Martín del Potro a véier Sätz verluer.

No enger laanger Verletzungspaus, war de Müller am Februar 2010 zäitweileg op der 459. Plaz an der ATP-Weltranglëscht. Nodeem hien 2011 bei den US Open an der Aachtelsfinall géint de Rafael Nadal verluer huet, ass hien an der ATP-Weltranglëscht op déi 42. Plaz eropgeklommen, säi bis dohin (3. Oktober 2011) bescht Klassement.

No engem Ermiddungsbroch am Ielebou am Joer 2012 huet de Müller de Gros vun der Saison 2013 verpasst an ass an der ATP-Weltranglëscht dementspriechend wäit zréckgefall. 2014 huet hien doweinst sou munnech Challengerturnéire gespillt, bei denen hien tëscht Mäerz a Juni fënnef Titel gewanne konnt. Dat huet zu enger Nominéierung als Comeback-Spieler vum Joer 2014 bei den ATP World Tour Awards gefouert.

2014 gouf hien zum Lëtzebuerger Sportler vum Joer gewielt.

2015 huet de Gilles d'Aachtelsfinall vun den Australian Open erreecht, nodeems hien am éischten Tour géint d'Nummer 52. de Spuenier Pablo Carreno Busta mat 6-4, 7-6(5), 7-6(3) gewonnen hat, ass et am zweeten Tour géint d'Nummer 16. och e Spuenier Roberto Bautista Agut gaang wou de Gilles sech a 4 Sätz mat 7-6(5), 1-6, 7-5, 6-1 duerchsetze konnt. Am drëtten Tour war de Géigner d'Nummer 21. den Amerikaner John Isner, mat 7-6(4), 7-6(6), 6-4 konnt den "Mulles" sech och géint dee behappten. An der Aachtelsfinall huet dunn d'Nummer 1. den Novak Djokovic gewaart, deen an 3 Sätz mat 4-6, 5-7, 5-7 gewonnen huet. No den Australian Open stoung de Gilles op Plaz 36 vun der ATP-Weltranglëscht. Nodeems hie sech nees ëm 2 Plaze verbessert hat, ass ATP-Weltranglëschteplaz 34 bis elo (16. Februar 2015) seng bescht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gilles Muller – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virdrun Olympic rings with white rims.svg  Sportler vum Joer  Olympic rings with white rims.svg Duerno
Dirk Bockel 2014 '