Gilles Müller

Vu Wikipedia
Gilles Müller
De Gilles Müller 2016 zu Wimbledon
Spëtznumm: Mulles
Nationalitéit: Lëtzebuerg
Gebuertsdag: 9. Mee 1983
Gréisst: 193 cm
Gewiicht: 89 kg
1. Profisaison: 2001
Spillhand: Lénks
Trainer: Benjamin Balleret - Alexandre Lisiecki
Präisgeld: 4.602.528 $
Eenzel
Carrièrebilanz: 512:354
Bescht Plaz: 21 (31. Juli 2017)
Aktuell Plaz: 21
Grand-Slam-Bilanz-Eenzel
Grand-Slam-Titel: 0
AustralianOpen = AF (2015)
FrenchOpen = 2R (2012, 2015)
Wimbledon = 3R (2005, 2011)
USOpen = VF (2008)
Dubbel
Carrièrebilanz: 56:81
Bescht Plaz: 74 (1. Mee 2017)
Aktuell Plaz: 81
Grand-Slam-Bilanz-Dubbel
Grand-Slam-Titel: 0
AustralianOpen = 1R (2006, 2015)
FrenchOpen = 1R (2005, 2006, 2013, 2015)
Wimbledon = 2R (2014)
USOpen = 1R (2005)
Aktualiséiert: 18. Juni 2017

De Gilles Müller, gebuer den 9. Mee 1983 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Tennisprofi.

2001 hat de Gilles Müller d'US Open bei de Juniore gewonnen. An der Finall hat hien do den Yeu-Tzuoo Wang vun Taipeh geschloen. Duerno war hien d'Nummer 1 an der ITF Tennis-Weltranglëscht bei de Junioren.

2008 stoung hien an der Véierelsfinall vun den US Open am Tennis, wou e géint de spéidere Gewënner Roger Federer mat 7-6 (7-5), 6-4, 7-6 (7-5) verluer huet. Domat ass hien net nëmmen den éischte Lëtzebuerger, deen et sou wäit an engem Grand-Slam-Turnéier gepackt huet, mä och den zweete Qualifikant iwwerhaapt, dee bei den US Open bis an d'Véierelsfinall komm ass.

Bemierkenswäert Resultater vum Gilles Müller géint Top-Spiller ware seng Victoirë géint de Rafael Nadal bei den 2005 Wimbledon Championships, géint den Andy Roddick an der éischter Ronn vun den US Open 2005, géint den Andre Agassi an der Halleffinall vum 2004 Legg Mason Tennis Classic, géint den Tommy Haas, den Nicolás Almagro an den Nikolai Dawydenko bei den US Open 2008.

Bei den Australian Open 2009 zu Melbourne koum hie bis an déi drëtt Ronn an huet do géint de Juan Martín del Potro a véier Sätz verluer.

No enger laanger Verletzungspaus, war de Müller am Februar 2010 zäitweileg op der 459. Plaz an der ATP-Weltranglëscht. Nodeem hien 2011 bei den US Open an der Aachtelsfinall géint de Rafael Nadal verluer huet, ass hien an der ATP-Weltranglëscht op déi 42. Plaz eropgeklommen, säi bis dohin (3. Oktober 2011) bescht Klassement.

No engem Ermiddungsbroch am Ielebou am Joer 2012 huet de Müller de Gros vun der Saison 2013 verpasst an ass an der ATP-Weltranglëscht deementspriechend wäit zeréckgefall. 2014 huet hien doweinst sou munnech Challengerturnéire gespillt, bei deenen hien tëscht Mäerz a Juni fënnef Titele gewanne konnt. Dat huet zu enger Nominéierung als Comeback-Spiller vum Joer 2014 bei den ATP World Tour Awards gefouert.

2015 huet de Gilles Müller d'Aachtelsfinall vun den Australian Open erreecht, nodeems hien am éischten Tour géint d'Nummer 52. de Spuenier Pablo Carreno Busta mat 6-4, 7-6(5), 7-6(3) gewonnen hat, ass et am zweeten Tour géint d'Nummer 16. och e Spuenier Roberto Bautista Agut gaangen, wou hie sech a 4 Sätz mat 7-6(5), 1-6, 7-5, 6-1 duerchsetze konnt. Am drëtten Tour war de Géigner d'Nummer 21. den Amerikaner John Isner, mat 7-6(4), 7-6(6), 6-4 konnt de "Mulles" sech och géint dee behaapten. An der Aachtelsfinall huet dunn d'Nummer 1. den Novak Djokovic gewaart, deen an 3 Sätz mat 4-6, 5-7, 5-7 gewonnen huet. No den Australian Open stoung de Müller op Plaz 36 vun der ATP-Weltranglëscht.

De 14. Januar 2017 huet hie fir d'éischt Kéier en ATP-Turnéier zu Sidney an der Finall an zwéi Sätz mat 7:6 a 6:2 géint de Britt Daniel Evans gewonnen. Vu senger bis dohi beschter ATP-Weltranglëschteplaz 34 Enn 2015 hat hie sech mat deem Erfolleg ëm 6 Plazen op 28 verbessert.

Hien ass bis elo deen eenzege lëtzebuergeschen Tennisspiller, deen en ATP-Tunéier gewanne konnt.

2014, 2015, 2016 an 2017 gouf hien zum Lëtzebuerger Sportler vum Joer gewielt.

Am Juli 2018 huet hien ugekënnegt, datt hie mam Enn vun der Saison 2018 mam professionellen Tennis ophale géif.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gilles Müller – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virdrun   Sportler vum Joer   Duerno
Dirk Bockel 2014, 2015, 2016, 2017 Bob Jungels

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "2018 ass dem Gilles Muller seng lescht Saison." rtl.lu, 14.07.2018, 11:48:17.