Beata Szalwinska

Vu Wikipedia
Beata Szalwinska
Gebuer 9. Februar 1966
Warschau
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Pianist

D'Beata Szalwinska, gebuer de 6. Februar 1966 zu Warschau, ass eng polnesch Pianistin, déi zanter 1999 zu Lëtzebuerg lieft a mat engem Lëtzebuerger bestuet ass.

Si huet eng international Concertsaktivitéit (klassesch Musek) an huet ënner anerem a Polen, an Däitschland, an der Belsch, an Dänemark, a Frankräich, zu Lëtzebuerg an an der Schwäiz als Solo an ënner der Matwierkung vun enger Rei vu verschiddenen Ensembele gespillt. D'Beata Szalwinska ass och Member vum Lëtzebuerger Quintett Aconcagua, lauter Beruffsmusiker, déi zu Lëtzebuerg an am Ausland optrieden.

Donieft gëtt si Pianosunterrecht am Conservatoire de Musique du Nord zu Ettelbréck an Dikrech. Si ass mam Jean Mühlen bestuet a wunnt zu Kielen.

Hir musikalesch Ausbildung[änneren | Quelltext änneren]

  • 1972-1980: Emil Mlynarski Musekschoul zu Warschau a Polen
  • 1980-1985: Józef Elsner Secondary Music School mat der Professer Anna Radziwonowicz zu Warschau, Polen
  • 1980-1985: Master of Arts - Frederic Chopin Academy of Music mat dem Professer Barbara Muszynska zu Warschau, Polen
  • 1992-1993: École Normale de Musique A. Cortot, bei der Marian Rybicki zu Paräis.
  • 1992-1994: Conservatoire de Musique d'Olivier Messiaen beim Professer Sergiei Markarov

Hire Repertoire[änneren | Quelltext änneren]

Si huet eng Preferenz fir Wierker vun de Komponiste Beethoven, Chopin[1], Liszt, Mozart, Rachmaninoff, Ravel, Schubert[2], Szymanowski an Tschaikowsky.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Beata Szalwinska – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Webplaza Archivéiert op 2005-12-18. Gekuckt de(n) 2005-07-09.
  2. Webplaza Archivéiert op 2005-12-18. Gekuckt de(n) 2005-07-09.