Brahe (Exoplanéit)

Vu Wikipedia

De Brahe (55 Cancri c) ass en Exoplanéit, deen d'Komponent A vum Duebelstäresystem Copernicus (Flamsteed-Bezeichnung: 55 Cancri A/B) ëmkreest. Wéinst senger héijer Mass gëtt ugeholl, datt et sech ëm e Gasplanéit handelt. Hien ass, vu sengem Stär aus gesinn, den drëtte bekannte Planéit vu sengem Planéitesystem.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Brahe gouf mat der Radialvitessmethod no Auswäertung vun Observatiounsdaten, déi vun 1989 bis 2002 um Lick-Observatoire gemaach goufen, entdeckt. Zum Zäitpunkt vun der Entdeckung war scho bekannt, datt de Copernicus ee Planéit, nämlech de Galileo, huet. De Brahe an de Lipperhey goufe vum Geoffrey Marcy an dem R. Paul Butler am Juni 2002 publizéiert. Et gouf Ufanks nach Zweifel, ob et sech wierklech ëm e Planéit handelt, well de Stär bal déi selwecht Rotatiounsperiod vun 42 Deeg huet, déi e Planéit mat där Ëmlafperiod virtäusche kéint. Mat weideren Observatioune konnt Brahe awer confirméiert ginn.

Bunneegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

De Planéit huet nom Modell mat fënnef grousse Planéiten am Orbit ëm de Copernicus A eng nëmme kleng exzentresch Ëmlafbunn vun 0,086. Hien huet méiglecherweis eng 1:3-Bunnresonanz mam Planéit Galileo dee méi wäit banne läit. Fir en Ëmlaf brauch e 44,34 Äerddeeg. De Planéit kreest ëm säi Stär op enger mëttlerer Distanz (grouss Hallefachs) vun zirka 0,24 A.E.. Hien ass domat méi no bei sengem Stär wéi de Merkur bei der Sonn.

Physikalesch Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

De Brahe huet eng Mindestmass vun 0,169 Jupitermassen, respektiv bal 54 Äerdmassen. Bei där am Ament ugehollener Systeminklinatioun vun 53°, déi awer nach bestëmmt muss ginn, wier hie mat 0,21 Jupitermassen däitlech méi masseräich. Et gëtt ugeholl, datt et e Gasplanéit ouni fest Uewerfläch ass.

Numm[änneren | Quelltext änneren]

Wéi all Exoplanéiten hat de Brahe um Ufank den offiziellen Numm vum Stär plus engem klenge Buschtaf, entspriechend der Reiefolleg vu senger Entdeckung. No engem ëffentlech ausgeschriwwenem Concours vun der I.A.U. krut hien de 15. Dezember 2015 den Numm vum däneschen Astronom Tycho Brahe.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  • G. W. Marcy et al.: A planet at 5 AU Around 55 Cancri. The Astrophysical Journal, 581 (2002): 1375 – 1388.