CFL cargo

Vu Wikipedia
CFL cargo
D'Elektrolok "CFL 4011" vun CFL cargo an dernieft d'Automotrice "CFL 2007" an der Gare-Usines zu Diddeleng (2014)
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 17. Oktober 2006
Sëtz 100, ZAE WOLSER E
L-3437 Diddeleng
Leedung Sébastien Hoffmann
Mataarbechter 334 (2022)
Ëmsaz 199,9 Mio Euro (2022)[1]
Branche Eisebunn
Produit Schinnentransport
Homepage www.cflcargo.eu

CFL cargo SA[2] ass eng Eisebunnsgesellschaft mat Sëtz zu Lëtzebuerg, déi Gidderverkéier am Inland an – an Zesummenaarbecht mat hire Filialen an Däitschland, Frankräich a Schweden – uechter Europa ubitt. Se bitt och lokal a regional Servicer un an huet Erfarung mat iwwerdimensionale Schinnentransporter. CFL cargo assuréiert ënnert dem Statut vun enger SA de Giddertransport fir d'Mammegesellschaft Société nationale des chemins de fer luxembourgeois (CFL).

Zesumme mat hirer Schwëstergesellschaft CFL multimodal[3] ass CFL cargo en Déngschtleeschter deen déi ganz multimodal Logistikketten ofdeckt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Grënnung vun CFL cargo[änneren | Quelltext änneren]

D'Firma Euroluxcargo[4], eng 100-prozenteg Duechtergesellschaft vun der CFL, gouf de 25. Juli 1997 gegrënnt fir de Gidderverkéier vun der CFL z'iwwerhuelen

De 17. Oktober 2006 huet den CFL-Departement vum Gidderverkéier, dorënner Euroluxcargo, mat den Transportservicer vun ArcelorMittal zu Lëtzebuerg fusionéiert an déi nei Gesellschaft CFL cargo gegrënnt, an där d'CFL 66,67 % an ArcelorMittal 33,33 % vun den Aktien huet.

Déi nei Gesellschaft huet all d'Servicer, Filialen a Rullmaterial vun den zwou fréieren Entitéiten iwwerholl .

Am Joer 2006 huet d'CFL cargo d'Firma CFL cargo Deutschland GmbH gegrënnt, op Basis vun der Gidderdivisioun vun der Norddeutsche Eisenbahn Niebüll GmbH (neg).

D'Ateliere vu Péiteng, déi 1869 gegrënnt gi waren, goufen 2008 vun CFL cargo iwwerholl. 2015 sinn se vun enger neier Duechtergesellschaft, der CFL technics, iwwerholl ginn, déi sech ëm d'Reparatur an den Ënnerhalt vu Lokomotiven an de Gidderwaggone këmmert.

Am August 2010 huet CFL cargo zesumme mat hirer Schwësterfirma CFL multimodal eng Filial a Frankräich gegrënnt, d'CFL fret services France. Am Januar 2012 huet CFL cargo déi schweedesch Firma MidCargo iwwerholl an s'an CFL cargo Sverige ëmgenannt. Am Juni 2013 ass déi franséisch Duechtergesellschaft op CFL cargo France sa ëmgedeeft ginn.

De 5. Januar 2015 gouf d'CFL cargo a véier “Expertisezentren” (Eisebunn, Logistik, Infrastruktur a gemeinsam Servicer) ëmstrukturéiert an déi visuell Identitéit grad ewéi d'Gesellschaftsnimm goufen harmoniséiert. Do dernieft ginn d'Servicer vun CFL cargo zënterhier ënner dem Numm CFL multimodal kommerzialiséiert. Am Joer 2021 gouf déi visuell Identitéit vun de Gidderaktivitéiten ugepasst fir ervirzestiechen, datt d'Gesellschaft zum CFL Grupp gehéiert.

Filialen[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

CFL cargo bedreift d'Duechtergesellschaft CFL technics, déi zënter Januar 2015 fir d'Reparatur an Ënnerhalt vu Lokomotiven an de Gidderween zoustänneg ass. Dës Duechtergesellschaft ass méi al wéi d'CFL selwer, well et sech am Fong ëm déi fréier Ateliere vu Péiteng handelt, déi 1869 gegrënnt goufen an 2008 an d'Cargoaktivitéit integréiert goufen.

An Europa[änneren | Quelltext änneren]

CFL cargo huet verschidde Filialen an Europa:

Den 1. Januar 2023 huet CFL cargo hir Bedeelegung déi se bei CFL cargo Danmark Aps hat, ganz un d'Mammefirma CFL iwwerdroen[1].

Rullmaterial[änneren | Quelltext änneren]

De Fuerpark vun CFL cargo besteet aus Lokomotiven, déi bei der Mammegesellschaft gelount ginn, aus Material dat vun ArcelorMittal iwwerholl gouf a vu Lokomotiven, déi bei anere Firme gelount ginn. Am Joer 2022 hat CFL cargo mat alle Filialen uechter Europa, e Fuerpark vu 87 Lokomotiven an 3.274 Waggone vun allen Zorten[5].

De 15. Mäerz 2024 goufen der CFL cargo hir éischt TRAXX Multi-System 3 Lokomotive vu Bombardier Transportation fir den Trafick zougelooss. Et handelt sech ëm Hybridlokomotiven, déi op der Streck Lëtzebuerg - Däitschland - Polen agesat ginn. Et ass geplangt, se méi spéit och a Frankräich, Éisträich an an der Belsch anzesetzen[6].

Mataarbechter[änneren | Quelltext änneren]

2021 hat CFL cargo 737 Mataarbechter (déi auslännesch Filiale mat abegraff); 2022 waren et zu Lëtzebuerg 334 Leit[7].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: CFL cargo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 (fr)Rapport annuel 2022 du groupe CFL – Transport de marchandises, S. 22-23. www.cfl-mm.lu. Gekuckt de(n) 18.03.2024.
  2. B60314 – « CFL CARGO », op lbr.lu
  3. B88577 – « CFL Multimodal s.a. », op lbr.lu
  4. B60314 – « ELC, EUROLUXCARGO SA », Memorial C-621, 07.11.1997
  5. CFL multimodal Kennzahlen. www.cfl-mm.lu. Gekuckt de(n) 2024-03-18.
  6. (de)CFL cargo verstärkt ihre Fähigkeiten im internationalen Verkehr. www.cfl-mm.lu. Gekuckt de(n) 2024-03-18.
  7. (en)CFL cargo s.a. – Company ID. Gekuckt de(n) 18.03.2024.