Canterbury Tales

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Canterbury Tales, Holzschnëtt vu 1484

The Canterbury Tales sinn Erzielungen aus dem 14. Joerhonnert, déi vum Geoffrey Chaucer vun ongeféier 1387 u geschriwwe gi sinn. Zwéi vun den Tales sinn a Prosa, déi aner a Verse verfaasst.

D'Erzielungen, vun deenen net all als original gëllen, sinn an eng Kaderhandlung agebonnen, déi vun enger Pilgergrupp op hirem Wee vu Southwark, engem Viruert vu London, op Canterbury handelt, wou si d'Graf vum Thomas Becket an der Kathedral kucke wëllen. (Dat Graf gouf vum Kinnek Henry VIII. zerstéiert.)

D'Themen an den Erzielunge variéieren, et geet riets vu Léift bei Haff, Verrot, a Gier. Och de Genre ass verschidden, et gëtt Romanzen, Baladen, Priedegten a Fabelen. D'Charaktere ginn am Prolog agefouert, an erziele Geschichte vu kultureller Relevanz.

Verschidde vun dësen Erzielunge si witzeg, aner eescht, alleguerte si se awer immens prezis an der Beschreiwung vun der mënschlecher Natur. Mëssbrauch vun der Relioun ass en Haaptthema. En anert wichtegt Element vun den Erzielungen ass hire Fokus op d'Ënnerdeelung vum Vollek an dräi Stänn: den Adel, de Klerus an den Drëtte Stand. D'Wierk ass net vollstänneg, ursprénglech sollt all Pilger véier Geschichten erzielen, zwou um Hiwee an zwou um Réckwee.

De wuel gréisste Bäitrag vun dësem Wierk zu der englescher Literatur ass de Gebrauch vun der Sprooch vum Vollek amplaz op Franséisch, Anglonormannesch oder Latäin ze schrwien, wat bei literareschen Aarbechten üblech war. D'Struktur vun de Canterbury Tales fënnt een och an aneren zäitgenëssesche Wierker, zum Beispill am Decamerone vum Boccaccio.

Drock- und Konschtgeschicht huet d'Editioun vum Graphiker a Pionéier vum Jugendstil William Morris geschriwwen, déi bei Kelmscott Press (gegrënnt 1891) erauskomm ass. Do sinn no de Masseproduktioune vum 19. Joerhonnert nees räich illustréiert Wierker entstanen, déi handwierklech hiergestallt gi sinn.

Den Titel vum Wierk gouf zu engem gängege Begrëff an der englescher Sprooch, den Numm gouf heefeg ugepasst an iwwerholl, zum Beispill am britesche Film A Canterbury Tale. Virun enger Zäit goufen och verschidden Erzielunge fir d'Televisioun produzéiert. Geneesou wéi et Versiounen a modernem Englesch gëtt, existéieren der och op Mëttelenglesch a Walisesch.

1. Fragment[änneren | Quelltext änneren]

The General Prologue to the Canterbury Tales[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Linne vum Prolog am Folio vum Hengwrt Manuskript

Den General Prologue ass de presuméierten Titel vun der Serie vu Portraite virun den eigentleche Canterbury Tales. De Prolog vun 858 Linnen dréint sech ëm eng reliéis Pilgerrees. Den Chaucer ass am Tabard Inn, a begéint enger gudder Partie Leit aus ganz England. Dës Grupp vu Leit sinn all um Wee op Canterbury fir d'Graf vum Hellegen Thomas Becket ze besichen. Hie versicht hir Konditioun an hire soziale Status ze beschreiwen:

To telle yow al the condicioun
Of ech of hem, so as it semed me,
And whiche they weren, and of what degree,
And eek in what array that they were inne;

Ënner de Pilger sinn: e Ritter, e Knappe, e Yeoman, eng Priorin, eng zweet Nonn, de Paschtouer vun der Nonn, e Mënch, en Uerdensbrudder, en Händler, e Beamten, en Affekot, e Grondbesëtzer, e Kach, e Séifuerer, en Dokter, eng Fra vu Bath, e Paschtouer, e Mëller, e Verwalter, e Landvogt, e Kierchebüttel, en Ablasskréimer, an e Portrait vum Chaucer selwer. E Stëftshär a säin Dinger komme méi spéit nach dobäi.

No enger klassescher poetescher Beschreiwung vum neie Fréijoer an der Energie déi en no engem laange Wanter bréngt, stellt den Chaucer den éischte Pilger fir, de perfekte Ritter. Dëse Kräizfuerer ass duerch ganz Europa a bis un d'Grenze vu Klengsasie gereest, fir seng Relioun ze verdeedegen. Hien ass d'Personifikatioun vun der neier Energie déi d'Fréijoer bréngt.

Duerno komme kuerz Beschreiweunge vu ville vun den anere Pilger mat Detailer wéi si ugedo waren, op wéienge Päerd si geridde sinn, an hei an do kleng Indizien op hire Charakter. Verschidde Pilger ginn am Prolog beschriwwen, mä hu keng Geschicht, anerer ginn net beschriwwen, mä erzielen eng vun den Tales. Dëst ass zum Beispill de Fall vun der zweeter Nonn. Et gëtt ugeholl datt den Chaucer dat nohuele wollt, mä net méi dozou komm ass.

D'Portraite vun de Charaktere vun den Tales si remarquabel, si hu méi Liewen an Déift wéi déi meescht aner literaresch Figure vun där Zäit. Net nëmmen d'Kleeder gi beschriwwen, mä och de Leit hir Physionomie.

Den General Prologue wierkt zimlech desorganiséiert, ongeféier sou wéi eis Pilger déi um Ufank vum Abrëll matenee lassgezu sinn.

The Knight's Tale[änneren | Quelltext änneren]

The Knights tale ass iwwer zwéi Ritter, den Arcite an de Palamon, déi vum Theseus, Herzog vun Athen, agespaart goufen. Am Prisong verléiwe si sech an d'Schwëster vun der Hippolyte, Emelye. Si kommen allenzwéin aus dem Prisong fräi an huelen um engem Tournoi fir d'Emelye deel, deen den Theseus arrangéiert huet. Den Arcite gewënnt, mä stierft a sou bestit de Palamon d'Emelye. Dës Tale weist vill typesch Aspekter vum Ritterliewen, d'Léift um Haff an ethesch Dilemmaen. D'Tale ass a Prosaform geschriwwen.

D'Source fir dës Geschicht ass am Boccaccio senger Teseida delle nozze di Emilia ze fannen. The Knight's Tale ass awer eng labber Iwwersetzung vum Boccaccio sengen 9000 Zeilen an huet der selwer nëmmen e bësse méi wéi 2000.

Two Noble Kinsmen, en Theaterstéck vum William Shakespeare an John Fletcher, baséiert op der Tale.

The Miller's Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

The Miller's Tale ass iwwer de Schräiner/Besëtzer a seng Fra. E Student (Nicholas) iwwerzeegt d'Fra vum Grondbesëtzer (Alisoun/Alison) eng Nuecht mat him ze verbréngen, andeems hien de Grondbesëtzer iwwerzeegt, datt hien eng Visioun vu Gott gehat hätt, déi him gesot huet datt eng Flut vu bibleschen Ausmoossen op si zoukënnt. D'Léisung, sou den Nicholas, ass fir d'Nuecht an engem Rouer deen iwwer der Scheier festgemaach ass, ze verbréngen, an deen da lasszeschneiden, soubal d'Waasser héich genuch ass. De Grondbesëtzer gleeft déi Geschicht, an den Nicholas an d'Alison hunn eng Méiglechkeet fir zesummen ze sinn.

Während den Nicholas an d'Alison beienee leien, kënnt den Absolon laanscht, a freet fir e Kuss ze kréien. Mä dozou kënnt et net, an iwwer allerlee zimlech vulgär Spillercher déi den Nicholas dréift, fir den Absolon ze verjoen (hie fuerzt dem Absolon ë. a. an d'Gesiicht) gëtt den Nicholas vum Absolon verbrannt. Dëse jäizt no Waasser, an de Grondbesëtzer erwächt an denkt sech, datt d'Flut ukomm ass. Hie schneit de Rouer lass, a fält op de Buedem, wou e sech den Aarm brécht. De Rescht vun der Stad erwächt duerch säi Gejäiz, mä keen hëlt hie fir serieux an hie gëtt nëmmen nach als ale Geck ugesinn.

The Reeve's Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

De Symkyn, e Mëller, huet zu Trumpington bei Cambridge gewunnt, hat Kar a Miel geklaut, dat him bruecht gi war. De Symkyn war och en Expert mat Schwäerter, an en ongemittleche Gesell. Seng Fra war d'Duechter vum Mann vum Klerus vun der Stad (an domat illegitim, well kathoulesch Paschtéier sech jo net bestueden), déi de Mëller bestuet hat, well hien eng fäi Fra wollt hunn. Si haten zesummen eng Duechter, d'Malyne, vun 22 Joer, a e Bouf vu sechs Méint.

Wéi de Symkyn sech seng lescht Aarbecht fir King's Hall (e Kolléisch vun der Universitéit vu Cambridge) ze deier bezuele gelooss huet, sinn zwee Studente bei hie komm, fir hien zur Ried ze stellen. Si hu beschloss, hien a sengem eegene Spillchen ze schloen. Den John an den Alan hunn e grousse Montant Miel agepak, an hunn dem Symkyn gesot, si wéilten him gär bei senger Aarbecht nokucken. De Symkyn huet hir Päerd lassgebonnen, an déi zwéi Studenten hu se eréischt kuerz virum Abroch vun der Nuecht zréckkritt. An der Tëschenzäit huet de Symkyn nach méi Kar geklaut, fir ze beweisen datt Scholaren net ëmmer déi gescheitste Leit wieren.

Nodeem den John an den Alan nees beim Symkyn ukomm waren, hu si him ugebueden, hien ze bezuele wa si kéinte bei him iwwer Nuecht bleiwen. Hien huet si erausgefuerdert, säin Eenzelzëmmer an e grousst Haus ze verwandelen. No ville Rearrangementer hunn de Symkyn a seng Fra an engem Bett geschlof, den John an den Alan an engem aneren, an d'Malyne am drëtte Bett. D'Wéi vum Puppelche war um Fouss vum Mëller sengem Bett.

Nodeem si Wäin fir eng gutt Zäitche gedronk haten, sinn de Symkyn a seng Famill séier ageschlof, mä den John an den Alan ware waakreg, an hunn hir Revanche geplangt. Als éischten ass den Alan opgestanen, huet d'Malyne an hirem Bett iwwerrascht a mat hir geschlof. Dunn ass dem Mëller seng Fra opgestanen, de ville Wäin huet op d'Blos gedréckt. Wéi si zréckkomm ass, huet si am Däischteren hiert Bett gesicht, an huet beim Taaschten d'Wéi vum Puppelche fonnt an sech do an d'Bett geluecht. Dëst war awer dem John säi Bett, deen d'Wéi geréckelt hat, an och si hu matenee geschlof.

D'Nuecht goung op en Enn, an den Alan huet dem Malyne Eddi gesot. Si huet dem Alan erzielt, hie soll emol hanner der viischter Dir kucken, do wier e Kuch dee si mam geklaute Miel gebak hätt. Hien huet d'Wéi virum Bett gesinn, a geduecht et wir dem Mëller säi Bett (mä den John hat d'Wéi jo geréckelt) an ass bei dat anert Bett gaangen - a Wierklechkeet also dem Symkyn säint - fir dem John z'erzielen datt hie mam Malyne geschlof huet. De Symkyn erwächt an ass nawell gutt rosen, an erwëscht seng Fra am John sengem Bett. Den John an den Alan hu sech séier duerch d'Bascht gemaach.

The Cook's Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

De Kach erzielt eng Geschicht vun engem Léierbouf, dem Perkyn (Perkin) Reveller. Hie war gutt gebaut, a war méi frou mat der Tavern wéi bei senger Aarbecht. Hien a seng Kollegen hu sech dacks getraff fir zesummen ze feieren, an ze wierfelen. Säi Meeschter huet dëst erausfonnt an un d'Spréchwuert "'Wel bet is roten appul out of hoord / Than that it rotie al the remenaunt" (Et ass besser ee faulen Apel erauszegeheien, wéi e leien ze loossen an da ruinéiert en de Rescht). Säi Meeschter huet hien erausgehäit, a sou ass hie fortgaange mat engem Kolleg, deem seng Fra eng Prostituéiert war.

Hei hält d'Geschicht abrupt no 58 Linnen op.

2. Fragment[änneren | Quelltext änneren]

The Man of Law's Introduction, Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

Den Affekot erzielt eng Romanz vun enger chrëschtlecher Prinzessin, der Custance oder Constance, déi mam syresche Sultan zesummen ass, ënner der Konditioun datt hien zum Chrëschtentum konvertéiert. Dem Sultan seng Mamm wëll dëst verhënneren a schéckt d'Prinzessin fort.

Dës Tale baséiert op enger Geschicht aus de Chronicles vum Nicholas Trivet mä d'Haaptthema vun der exiléierter Prinzessin war gängeg an der Literatur vun där Zäit. Hir Geschicht gëtt och vum John Gower am Wierk Confessio Amantis erzielt, an déi zwou Geschichte sinn ähnlech wéi d'Romanz a Versen Emare.

Dës Tale ass méi frëndlech an ähnlech zu de Liewe vun den Hellegen déi ganz populär waren. D'Custance oder Constance ass, wéi hiren Numm et scho verréit, konstant an hirer chrëschtlecher Relioun, och duerch all d'Attacken déi si vun den Heeden ënnerwee erliewe muss.

3.Fragment[änneren | Quelltext änneren]

The Wife of Bath's Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Säit vun der Geschicht vun der Fra vu Bath am Ellesmere Manuskript

D'Geschicht vun der Fra vu Bath fänkt mat enger Allusioun un d'Feeën un, déi mëttlerweil vun der Welt verschwonne sinn, mä zu der Zäit vum Kinnek Arthur heefeg ze fanne waren. Duerno fänkt si hir eigentlech Geschicht un, wou si dacks ënnerbrach gëtt, a selwer ënnerbrécht, wat zu Digressioune féiert. E Ritter vum Kinnek Arthur sengem Haff vergewaltegt eng Fra. Dem Gesetz no steet heirop d'Doudesstrof, mä d'Kinnigin setzt sech fir de Ritter an, a gëtt säi Juge. Si schéckt de Ritter op eng Missioun fir erauszefanne, wat Fraleit wëllen, an dofir huet hien e Joer an een Dag Zäit. Wann hien d'Missioun net erfëlle kann, gëtt hien higeriicht. Hie sicht duerch d'ganz Kinnekräich, mä all Fra déi hie freet, gëtt him eng aner Äntwert.

Um Réckwee nodeem hien d'Fro vun der Kinnigin net beäntwerte kann, gesäit hie 24 Fraleit déi danzen. Si verschwannen op ee Coup an zréck bleift nëmmen eng al Fra. Si versprécht him, him déi richteg Äntwert ze ginn, wann hien hir eng Faveur erfëllt, fir déi si selwer nach den Zäitpunkt festleet. De Ritter ass averstanen a kënnt zréck bei d'Kinnigin an erzielt hir wat d'Fraë wëllen: to have the sovereignty as well upon their husband as their love, and to have mastery their man above. Déi al Fra jäizt virum ganzen Haff datt si hie gerett huet, an si wëll als Belounung seng Fra ginn. De Ritter protestéiert, mä d'Hochzäit ass awer een Dag drop.

Déi al Fra an de Ritter ënnerhale sech iwwer dem Ritter seng Freed am Bett, hien ass onglécklech well si al an ellen ass. Si erzielt vun den Origine vun der Gentillesse a vun der Aarmut. Hien iwwerléisst hir d'Wiel dat ze ginn, wat hinnen zwee am meeschte Freed géif maachen, a si, glécklech de "Meeschter" iwwer hire Mann ze ginn, gëtt wonnerschéin an ass him trei bis zum Enn vun hiren Deeg.

We wommen han, if that I shal nat lye,
In this matere a queynte fantasye:
Wayte what thyng we may nat lightly have,
Therafter wol we crie al day and crave.
Forbede us thyng, and that desiren we;
Preesse on us faste, and thanne wol we fle.

The Friar's Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

The Summoner's Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

4. Fragment[änneren | Quelltext änneren]

The Clerk's Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

The Merchant's Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

5. Fragment[änneren | Quelltext änneren]

The Squire's Introduction and Tale[änneren | Quelltext änneren]

The Franklin's Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

6. Fragment[änneren | Quelltext änneren]

The Physician's Tale[änneren | Quelltext änneren]

The Pardoner's Introduction, Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

7. Fragment[änneren | Quelltext änneren]

The Shipman's Tale and Epilogue[änneren | Quelltext änneren]

The Prioress's Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

The Prologue, Tale and Epilogue of Sir Topas[änneren | Quelltext änneren]

The Tale of Melibee[änneren | Quelltext änneren]

The Monk's Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

The Nun's Priest's Prologue, Tale and Epilogue[änneren | Quelltext änneren]

8. Fragment[änneren | Quelltext änneren]

The Second Nun's Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

The Canon's Yeoman's Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

9. Fragment[änneren | Quelltext änneren]

The Manciple's Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

10. Fragment[änneren | Quelltext änneren]

The Parson's Prologue and Tale[änneren | Quelltext änneren]

Chaucer's Retraction[änneren | Quelltext änneren]

D'Canterbury Tales am Film[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Canterbury Tales – Biller, Videoen oder Audiodateien