Cercle artistique de Luxembourg

Vu Wikipedia
Cercle artistique de Luxembourg

De Cercle artistique de Luxembourg (kuerz CAL)[1] ass eng lëtzebuergesch A.s.b.l., där hiert Zil et ass, d'Konscht (arts plastiques) an hir Entwécklung zu Lëtzebuerg bekannt ze maachen a virunzedreiwen. De CAL gouf 1893 am Grand Café[2] an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt.

Salon[änneren | Quelltext änneren]

De Salon 2007 - Luxembourg et Grande Région am Foyer vum Grand théâtre de la ville de Luxembourg

De CAL organisiéiert am Prinzip all Joer eng Ausstellung vu Konschtwierker, de Salon vum C.A.L.[3]. Fir um Salon auszestelle muss de Kënschtler, deen déi lëtzebuergesch Nationalitéit huet oder dee säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg huet, seng Wierker engem Jury virstellen. Dëse Jury mécht dann d'Selektioun vun de Konschtwierker, déi um Salon ausgestallt ginn.

Verschidde Präisser ginn do ausgedeelt:

De Prix de Raville gouf vun 1987 bis 2007 verginn.

Ausserdeem gëtt et Gruppenausstellunge vu verschiddene Memberen, dacks an Zesummenaarbecht mat Galerien oder Sponsoren.

Grënnungsmemberen[änneren | Quelltext änneren]

Charta vum Cercle artistique de Luxembourg (1893)

Presidenten[4][änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • div., 2013. Les lauréats du Prix Grand-Duc Adolphe de 1946 à nos jours – Hommage et Incitations. Luxembourg: Éditions Saint Paul, CAL, mécénArt, ISBN 978-2-87963-919-2
  • Welter, Jos. [réd.], 1993. Cent ans d'art luxembourgeois: 1893-1993: rétrospective. Luxembourg: Cercle artistique, 1993, Crauthem, Lux-Print. 2 vol. (276, 317 p.) [exposition Hall Victor-Hugo Luxembourg-Limpertsberg, du 10 au 28 novembre 1993]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Statute vum CAL op cal.lu.
  2. Christiane Kremer, Am Gespréich: Christian Mosar (18.10.2018) Interview op RTL Radio (bei 20'13''), gelauschtert op rtl.lu de 14. November 2018
  3. Art. 27. aus de Statuten: Le C.A.L. organise, en principe tous les ans, une exposition d'oeuvres artistiques émanant d'artistes membres et non-membres résidents dans le pays, sous le titre du SALON DU C.A.L. Le Salon devra avoir un caractère représentatif et mettre en évidence l'évolution et le niveau de l'art dans le pays.
    Le conseil d'administration établit le règlement de cette exposition et décide de la composition du jury. Ce jury se compose de trois personnes au moins et de sept personnes au plus ; il est présidé par le président ou un vice président du C.A.L. et doit comporter au moins deux personnes non-membres du C. A.L.
  4. Cf. Welter (1993, Vol. 1: 25) an der Literatur.