Churchill Barriers

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Churchill Barrier 1, um Kirk Sound

D'The Churchill Barriers sinn eng Serie vu véier Dämm tëscht den Orkney Islands a Schottland, mat enger Totallängt vun 2,3 km. Si verbannen d'Orkney Mainland am Norden mat der Insel South Ronaldsay iwwer Burray an déi zwou méi kleng Inselen Lamb Holm a Glimps Holm.

Déi Barrière goufen an de 1940er Jore gebaut, fir d'Affarte vum Hafe vu Scapa Flow ze blockéieren. Haut si se an d'Stroossennetz mat agebonnen, an driwwer féiert d'Strooss A961 vu Kirkwall op Burwick.

[änneren] Geschicht

De 14. Oktober 1939, gouf der Royal Navy hiert Krichsschëff, d'HMS Royal Oak dat an dem natierlech Hafe vu Scapa Flow virun Anker louch, vum däitschen U-Boot U-47, ënner dem Kommando vum Günther Prien, versenkt. D'U-47 war a Scapa-Flow duerch den Holm Sound, eng vun den ëstlechen Affarten an den Hafen erakomm.

Déi Affarte waren zwar duerch versenkte Blockschëffer, Minnen, an Anit-U-Boot Netzer, afgeséchert, mee d'U-47 huet sech nuets mat der Flut tëscht tëscht der Blocksch¨ffer erduerch geschlach.

Fir weider Attacken ze verhënneren, huet de Winston Churchill den Uerder ginn, fir permanent Barrièren opzeriichten. D'Aarbechten hunn am Mee 1944 ugefaangen a waren am September 1944 fäerdeg.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen