Corne du Bois des Pendus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 49° 46’ 58.42’’ N 05° 45’ 00.42’’ O

Corne du Bois des Pendus ass e Lieu-dit am Arelerland op der Grenz tëschent de Gemengen Atert a Maarteleng.

Corne, op Wallounesch Cwane, ass e Flouernumm fir eng héichgeleë Plaz. De Bois des Pendus deit drop hinn datt fréier do e Gaalge stoung.

An der Réimerzäit war op där Plaz déi éischt Raschtstatioun um Kiem dee vun Arel op Tongeren gefouert huet. Eng puer honnert Meter dervunner, an Directioun Marteleng, goufen op der Folie d'Reschter vun enger réimescher Villa fonnt, déi grad ewéi déi vu Giewel mat engem ënnerierdeschen Heizungssystem (Hypocauste) equipéiert war.[1][2]

D'Corne du bois des Pendus läit op der nërdlecher Grenz vum Parc naturel de la vallée de l'Attert, op enger Héicht vu ronn 460 Meter an ass op der Nationale 4, déi do zu der Voie de la Liberté gehéiert, mat Schëlter gezeechent, an zwar op der Sortie fir op Habay-la-Neuve a Parette, um Kilometerpunkt 169.

Wopen Atert.svg Uertschaften an der Gemeng Atert Wopen Atert.svg

Sektiounen: AtertDiddebuergGehaanselchertNoutemTontel
Uertschaften a Lieu-diten: Almeroth · Corne du Bois des Pendus · Faascht · Grendel · Heeschtert · Leschert · Luxeroth · Metzert · Parrt · Pass · Roudenhaff · Schuedeck · Schakeler

[änneren] Referenzen

  1. Balter Victor, — L'hypocauste de la Corne du Bois des Pendus. X, 844. In: Revue belge de philologie et d'histoire
  2. Balter Victor, — La villa romaine de la Corne du Bois des Pendus. X, 1284. In: Revue belge de philologie et d'histoire
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht