Op den Inhalt sprangen

Debbie Reynolds

Vu Wikipedia
Debbie Reynolds
Gebuertsnumm Mary Frances Reynolds
Gebuer 1. Abrëll 1932
Gestuerwen 28. Dezember 2016
Cedars-Sinai Medical Center
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit USA
Educatioun Burbank High School
Aktivitéit Sänger, Schrëftsteller, Participant vu Schéinheetsconcoursen, Dänzer, Autobiograph, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher, Dréibuchauteur, Schauspiller, Entreprener, Humanitarier
Famill
Bestuet mat Harry Karl, Eddie Fisher
Kanner Carrie Fisher, Todd Fisher
D'Debbie Reynolds (1987).

D'Debbie Reynolds, gebuer als Mary Frances Reynolds den 1. Abrëll 1932 zu El Paso, am Texas, a gestuerwen den 28. Dezember 2016 zu Los Angeles, war eng US-amerikanesch Schauspillerin, Sängerin, Geschäftsfra a Filmhistorikerin.

Fir hir Interpretatioun vun der Helen Kane am Film Three Little Words, krut si 1950 eng Nominatioun fir de Golden Globe Award als bescht Nowuesstalent, an hiren Duerchbroch als Haaptactrice hat si mam Musical Singin' in the Rain (1952). Weider grouss Succèse waren The Affairs of Dobie Gillis (1953), Susan Slept Here (1954), Bundle of Joy (Nominatioun fir e Golden Globe 1956), The Catered Affair (1956) an Tammy and the Bachelor (1957), wouvun hir Interpretatioun vum Lidd "Tammy" Nr. 1 an de Billboard music charts gouf. 1959 huet si hiren éischte Popmusek-Album, Debbie, erausbruecht.

Filmer, an deene se d'Haaptroll hat, waren ë. a. How the West Was Won (1963), The Unsinkable Molly Brown (1964), The Singing Nun (1966), Divorce American Style (1967), What's the Matter with Helen? (1971), Mother an In & Out (1997). Si huet och a Cabarete mategespillt an hat 1969 hat hir eegen Televisiounsemissioun, The Debbie Reynolds Show. Si huet an den 1970er Joren a verschiddene Broadway-Musicalen an Theaterstécker matgespillt, (dorënner Irene (1973) an A Gift of Love (1999)), sou wéi a populären Tëleesserien bis an d'2000er Joren eran. 2015 krut se de Screen Actors Guild Life Achievement Award.

Als Geschäftsfra huet si 1979 den Debbie Reynolds Dance Studio zu North Hollywood gegrënnt, an hat en Hotel an e Casino zu Las Vegas.

2013 huet si hir Memoiren Unsinkable: A Memoir erausbruecht.

Si war dräimol bestuet: vun 1955 bis 1959 mam Sänger Eddie Fisher, mat deem se zwee Kanner, dorënner d'Carrie Fisher, hat, vun 1960 bis 1973 mam Geschäftsmann Harry Karl, a vun 1984 bis 1996 mam Immobiliepromoteur Richard Hamlett.

Commons: Debbie Reynolds – Biller, Videoen oder Audiodateien