Dol
| Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Dahl de: Dahl |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Dikrech | ||||||
| Kanton: | Wolz | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Norbert Maes | ||||||
| Awunner Uertschaft: | 260 () |
||||||
| Koordinaten: | 49° 56' 8" N 5° 58' 31" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Dol ass eng Uertschaft an der Gemeng Géisdref.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] D'Originne vum Numm
De Numm Dol (Dahl), genee wéi d'Nimm Duelem (Dahlem an Dahlheim), ginn, dem Dicks a sengem Die deutsche Götterwelt im Luxemburger Lande no, vum däitschen heednesche Gott Heimdall ofgeleet, an zwar duerch d'Ëmdréie vu sengem Numm.
[änneren] Geographie
Dol läit op engem héije flaache Land op enger Héicht vun 490 iwwer NN.
Zu Dol steet e 27 Meter héije Waassertuerm mat engem Faassungverméije vun 220 Meter Kibb, dee Géisdref, Dol an Nacher mat Waasser versuergt.
[änneren] Geschicht
Dol, dat deemools dem Walther Ritter, dem Här vu Wolz gehéiert huet, gouf den 23. Abrëll 1406 fir d'éischt an engem Dokument ernimmt.
Virdru war déi ganz Géigend am Besëtz vum Äerzbeschof vun Tréier. Den Äerzbeschof Balduin vun Tréier huet se dem Arnold IV., Buerghär von der Veltz, gestuerwen 1343, iwerdroen. Duerch säi Bestietnes mat der Jutta von Wiltz koum dësen an d'Famill vum Walther Ritter, déi him dunn déi Uertschaften, déi an der Géigend louchen, verkaaft huet. De Verkafsakt, datéiert op de 27.Juli 1310, ass am Dokument enthalen, dat uewen ernimmt gouf.
Am Dezember 1944 goufen zu Dol eng Trupp vun 9 amerikaneschen Zaldote vun däitschen Truppen iwwerrascht an ënner Beschoss geholl. D'Amerikaner déi ënner Artilleriebeschoss louchen hu sech an en Haus zréckgezunn a waren decidéiert sech net z'erginn. No laangem Geschéiss ware 5 Gi's blesséiert, an 1 war gefall. Eng däitsch Infantriesattack gouf mat enger Jerrycan déi a Brand gestach gouf, a mat Handgranaten ofgewiert. Zwéin Däitscher déi et fäerdegbruecht hate bis an d'Haus ze komme goufe mat der Bajonett onschiedlech gemaach. No véier Stonnen haardem Kampf waren nach just 3 Amerikaner net blesséiert. Déi hu wéi se keng eege Munitioun méi haten, mat de Waffe vun den Däitsche weidergekämpft. Schlieeslech hunn déi Däitsch opginn, a 25 Gefaange goufe gemaach, déi meescht ware blesséiert, an d'Wehrmacht hat eelef Doudeger.
Déi amerikanesch Sektioun stoung ënner dem Kommando vum Staff Sergeant Day G. Turner dee fir déi Aktioun Congressional Medal of Honor krut. Den Day G. Turner ass den 8. Februar 1945 gefall. [1] Den Day G. Turner deen zu der 319. Infantriedivisioun gehéiert huet, läit um Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm begruewen. (Abt. E, Rei 10, Graf 72)
[änneren] D'Kierch
Déi haiteg Parkierch vun Dol gouf 1866 gebaut an ass dem hellege Vinzentius geweit. De Patréiner vum Duerf ass den hellegen Donatus.
[änneren] De Schoulkomplex an d'Gebai vun de fräiwëllege Pomjeeën
Am Joer 2001 koum et zum éischte Spuetstéch vum neie Gebai vum Précoce, Spillschoul a Pompjeeszenter.
[änneren] Alzheimer-Foyer
An dem fréiere Primäschoulgebai an der Dälerbaach op der Nummer 1 ass haut den Alzheimer-Foyer Gënzegold
[änneren] Internetstuff
D'Internetstuff vun der Géisdrefer Gemeng ass zu Dol an der Duerfstrooss op der Hausnummer 32.
[änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
[änneren] Referenzen
- ↑ Graf um amerikanesche Kierfecht zu Hamm. Op der Websäit vun der Congressional Medal of Honor ass den 9. Januar uginn.