Eifeler Regel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Mécher vum Schëld hunn d'Eifeler Regel net applizéiert; fir richteg misst et "Kettegaass" sinn (Foto: Duelem (Réimech)).
En anert Beispill vum Net-Uwende vun der Regel zu Sandweiler: "Mir gi klibberen" sollt et heeschen.
Ma schonn d'Joer drop ass de Feeler verbessert.

Ob am Lëtzebuergeschen de Konsonant n um Enn vun engem Wuert (oder am Silbegelenk vun zesummegesate Wierder) ausgeschwat/geschriwwe gëtt, hänkt dovun of, mat wéi engem Konsonant dat Wuert duerno ufänkt.

Déi komplex phonologesch Regel, déi dofir responsabel ass, gëtt Eifeler Regel oder Äifler Regel genannt; aner Bezeechnunge fir dëse Phenomen sinn n-Tilgung, mobile-n, n-mobile, oder mobile-n deletion. Et handelt sech dobäi ëm eng sougenannte Sandhi-Regel, wouduerch de phonologesche Kontakt tëscht zwee Wierder geregelt gëtt.

Et schreift een dofir keen n virun all Konsonant deen en aneren ass wéi „d“, „t“, „h“, „z“ , an „n“.

An enger staark vereinfachter Form kann ee soen: En /n/ um Enn vum Wuert gëtt net geschriwwen, wann e wéinst dem Ufankskonsonant vum nächste Wuert net ausgeschwat gëtt.

Beispiller, bei deenen den n ewechgelooss gëtt:

Wa mer do sinn    an net: Wann mer do sinn
De 4. Mee    an net: Den 4. Mee
Dammeschong    an net: Dammenschong
De Wäi gëtt gutt    an net: De Wäin gëtt gutt
  • de_ Gorilla, Fritte_fett, a_maachen

Beispiller, bei deenen den n ëmmer stoe bleift:

  • Bei all de Wierder déi mat de Vokalen i, u, e, o, a ufänken:
    • den Ierger, den Uwe, den Eemer, den Owend, den Af
  • Bei Wierder déi mat engem y ufänken, wann no dem y e Konsonant steet:
    • den Yves, den Yvon, vun Ypres
  • Bei Wierder déi mat de Konsonanten n, d, t, z, h ufänken:
    • den Nol, deen Dag, en Tuerm, keen Zement, däin Haus,
  • Bei verschiddene Wierder, wou de Konsonant sou ausgeschwat gëtt datt en nom n verlaangert:
    • den Cyclist, den Churchill, en Charter, et kann een chatten, e wäissen Surpli.
  • Virun de Wierder si, se, sech, säin, seng, a sou ass den n fakultativ:
    • Muer komme(n) seng Kanner, ech si(nn) sou midd.
  • Virun all Sazzeeche bleift den n stoen:
    • Dat ass schéin, mä et ass deier.
    • Si koumen (wéi ëmmer) ze spéit.
    • Do kanns de nëmmenmon oeil” soen.
  • Um Enn vun Eegennimm:
    • Den Här Neyen kënnt.
    • Zu Lëntgen reent et.
    • Um Amberknäppchen wiisst Hambier.
    • An Italien gëtt et kal.

Speziell Fäll, bei deenen den /n/ d'Resultat oder de Rescht vun engem nasale Schwénglaut ass

  • Wierder, déi op -ioun ophalen, verléieren ni den /n/ (Organisatioun maachen, net: Organisatiou_ maachen).
  • Wierder, déi op -nn ophalen (just mat laang ausgeschwatem /n/, mä net sinn, hunn, etc.) verléieren ni den /n/ (nn maachen, net: dë_ maachen).
  • Wierder, déi op -n ophalen (just mat laang ausgeschwatem /n/) verléieren ni den /n/ (Roman liesen, net: Roma_ liesen).
  • Wierder, déi op -in ophalen (just fir déi weiblech Form vu Beruffer/Persounebezeechnungen) verléieren ni den /n/ (d'Léierin froen, net: d'Léieri_ froen).

Dacks schreiwe linguistesch Studien, datt den /n/ virun engem /n/ net ausgeschwat gëtt. Der 1999er Schreifweis no gëtt deen <n> an dëse Fäll trotzdeem geschriwwen (<den Numm>), mä phonetesch gesinn ass do keen ([de Numm]).

Publikatiounen

Fir ze liesen

Fir ze lauschteren

Kuckt och

Um Spaweck