Félix Thyes

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Félix Thyes
D'Haus zu Lëntgen (34, rue Principale) an deem de Félix Thyes gewunnt huet.[1] Et gouf am Juli 2014 ofgerappt.[2]

De Félix Thyes, gebuer den 19. Januar 1830 zu Lëtzebuerg a gestuerwen den 8. Mee 1855 zu Bréissel, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller a franséischer Sprooch.

Säi Papp hat an dem Napoléon senger Arméi a Russland gekämpft. Hien huet zu Rolleng, Virton, Arel a Lëntgen gewunnt. No dem Kolléisch, wou hien duerch heefegt Feelen opfgefall ass, goung de Félix Thyes op Bréissel op d'Uni Droit studéieren. Hie gouf de Frënd vum Charles De Coster, dem Auteur vum La légende d'Ulenspiegel.

Säi Liewe laang huet hien ënner enger schwaacher Gesondheet gelidden; vum Alter vun zwee Joer un hat den Thyes ee Bee gelähmt, an hie konnt nëmme mat Hëllef vun enger Krätsch goen.

Säi Roman Marc Bruno, Profil d'artiste, dee kuerz no sengem Doud postum erauskoum, war deen éischte franséischsproochege Roman vun engem Lëtzebuerger.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Essai sur la Poésie luxembourgeoise. Revue trimestrielle, Bruxelles 1854.
  • Marc Bruno, Profil d'artiste. Edition Princeps Bruxelles, 1855. Nodréck: 1920 an: d'Natioun, feuilleton littéraire; 1930 an: Edition du Centenaire, Linden et Hansen; 1990 an der Serie Lëtzebuerger Bibliothéik, présentéiert an annotéiert vum Frank Wilhelm.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Marc Bruno, Editions du Centre d'études de la Littérature luxembourgeoise, Luxembg 1990
  • Marcel Gérard: Anthologie française du Luxembourg, 1960

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Andonovic, V., 2014. Stein(e) des Anstoßes. Das Fallbeispiel des Thyes-Hauses in Lintgen verdeutlicht, wie vielschichtig die Problematik des Denkmalschutzes heutzutage ist. Luxemburger Wort vum 18. Juni 2014, S. 2-3.
  2. "Haus Thyes: Die Bagger rollen an." wort.lu, 2. Juli 2014, 13:10.