Fetschebuer

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Fetschebuer
De Fetschebuer
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Koordinaten 49° 36’ 52’’ N
      06° 09’ 48’’ O

De Fetschebuer ass e Buer an e Lieu-dit am Quartier Zens an der Stad Lëtzebuerg.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Fetschebuer steet um Fetschenhaff, op der nërdlecher Säit vum Äppelwee, net wäit ewech vun der Gare Zens-Hamm.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Fetschebuer gëtt an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg am Joer 1878 als Buer an Dränk ernimmt. E gewësse Michel Hamen huet de Fetschebuer am Joer 1878 nees opgebaut[1].

De Fetschenhaff, dee fir d'éischt an engem Dokument vum 1. August 1255 ernimmt gouf, huet dem Buer den Numm ginn.

1925 huet d'Gemeng Fetschebuer als Lieu-dit confirméiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fetschebuer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Archiv vun der Stad Lëtzebuerg op archives-vdl.lu, gekuckt den 13. Februar 2020