Galileo Science Mobil

Vu Wikipedia
De Galileo Science Mobil um Science Festival 2005

De Galileo Science Mobil ass deen zweete[1] Bus vum Naturmusée mat der Ënnerstëtzung vum Fonds national de la recherche a besteet aus engem 42 m² groussem, ausklappbarem Austellungsraum fir Naturgeschicht. Vu Februar 2002 u rullt hien iwwer d'Stroossen duerch d'Land a bleift bei Schoulen, Lycéeën oder op Gemengeplaze stoen.

An éischter Linn sollen an dësem Bus de Schoulklassen an dem "grand public" einfach a verständlech Experimenter zu aktuelle wëssenschaftlechen an techneschen Theeme virgestallt ginn, déi all zwee bis dräi Joer changéieren. Um Science Festival 2005 war de Bus mat dem Atelier Vun der Natur kopéiert! op der Plaz. Um Science Circus 2007 ass de Bus mat dem Atelier Solarclown present.

Technesch Detailer vum Galileo[änneren | Quelltext änneren]

Zuchmaschinn vum Galileo-Bus

Den 39 Tonne schwéiere Bus mat enger kuerzer Zuchmaschinn vu Mercedes-Benz an enger 13 m laanger, doubelachseger Semi-remorque huet eng Längt vu 16,3 m, eng Breet vun 2,55 m an eng Héicht vun 3,85 m. Iwwer eng hydraulesch Virrichtung léisst e sech bis op 4,8 m Breet ausfueren. Um Châssis vun der Semi-remorque si vir an hanne jee zwou hydraulesch Ofstäipen, fir de Bus beim Stationéieren ze stabiliséieren an an den Niveau ze sëtzen.

Dat technesch modernt Gefier ass mat enger Photovoltaikanlag mat fënnef Solarpanneaue vum Typ BP585F an enger Leeschtung vu 425 Wp ausgerëscht. Dës Panneaue leie geschützt am Daach an enger Bidden a loosse sech op 45° Neigung no riets iwwer een elektresche Motor opstellen. D'Solarzelle speisen eng Batterie, déi am viischten Deel vun der Semi-remorque ass an déngt an éischter Linn fir verschidde kleng Apparater am Bus mat Stroum ze versuergen.

Zousätzlech huet de Bus nach een 380 V-Uschloss, iwwer deen haaptsächlech d'Beliichtung vum Ausstellungsraum gespeist gëtt. E Stroumgenerator vir am Aggregateraum, wou och nach Klimaanlag an Hydraulik ass, garantéiert, datt de Bus ëmmer Stroum huet. Dëse Generator huet zesumme mat der Waarmloftheizung een extraen Tank, mat enger Kraaftstoffréserve fir fënnef Deeg.

Déi 5 Solarpanneauen um Daach vun der Semi-remorque

Um Daach vun der Semi-remorque kann eng kleng Parabolschossel fir TV-Empfank montéiert ginn, souwéi zwee Teleskop-Fändelmaste mat enger maximaler Héicht vu véier Meter kënne vir riets an hanne riets aus der Karosserie iwwer en elektresche Motor erausgefuer ginn.

Den Ausstellungsraum, mat engem groussen Dësch fir 24 Leit an der Mëtt, ass mat verschiddenen agebaute Multimedia-Apparaten, enger elektresch bedriwwener Leinwand an enger Partie vu Stroum- an ISDN-Uschlëss ausgerëscht. Un de Wänn ass Plaz fir grouss Pousteren zum aktuellen Theema opzehänken, souwéi Stauraum a Schief a Vitrinne fir eenzel Modeller an Apparaturen ënner ze bréngen. An där zwou Träppleke méi héich geleeëner Bespriechungskabine tëscht dem Ausstellungsraum an dem Aggregateraum ass ënner anerem e Spullstee mat Boiler an en agebaute Frigo.

Entworf gouf de Camion vun der däitscher Firma Flad & Flad.

Theeme vum Galileo[änneren | Quelltext änneren]

Bannenusiicht vun der Semi-remorque

2002-2004[änneren | Quelltext änneren]

Dat éischt Theema vum Galileo-Bus an de Joren 2002 bis 2004 stoung am Virdergrond vun den alternativen an erneierbaren Energien.

Hei goufen ënner anerem d'Solar-, d'Wand-, d'Waasserkraaftenergie, d'Biomass a Biogaz souwéi d'Potentialer vum Waasserstoff virgestallt a mat Experimenter, wéi ee mat Hëllef vun der Sonn en Thüringer brode kann oder wéi een aus engem Kouflapp Elektresch produzéiert, illustréiert. Awer och de Funktiounsprinzip vun enger Brennstoffzell gouf erkläert.

Och d'Theema ëm d'Energiespueren ass kuerz ugeschwat ginn an déi konventionell Energiequelle wéi d'fossil Energieträger oder d'Notzung vu Primärenergie a Kuelen- an Atomkraaftwierker goufen net vergiess.

2005-2007[änneren | Quelltext änneren]

Vum Mäerz 2005 bis Summer 2007 goufen zum Theema Trickkëscht Natur - Natierlech clever eng Rei vun aussergewéinleche Phenomeener presentéiert, wéi de Mënsch sech vun der Natur inspiréiere kann, fir Problemer a Fuerschung an Technik ze léisen.

D'Theema war a fënnef Ënnertheemen agedeelt, woubäi jee verschidde Froe behandelt goufen:

  • Fortbeweegung um Land, am Waasser an an der Loft
    • Op wéi vill Bee geet et sech am beschten?
    • Wat huet de Mënsch vum Gecko geléiert fir Wänn eropzegoen?
    • Wat kënnen d'Schwëmmer vun engem Haifësch léiere fir nei Weltrekorder opzestellen?
    • Wat fir een Zesummenhang gëtt et tëscht Rakéiten an Tëntefësch?
    • Wat huet e Fliger mat engem Vull gemeinsam?
    • Wat huet de Falschiermsprénger vun der Pissblumm geléiert?
  • Bauen an der Natur
  • Liewen ënner extreeme Bedingungen
    • Wéi kënne mir vum Äisbier léiere fir eis Haiser besser z'isoléieren?
    • Wéisou brauch een Dromedar keng Schnéischong?
    • Wat huet de Bau vum Präriehond mat engem Kamäin ze dinn?
  • D'Ëmwelt erkennen
  • Sech verdeedegen
Den AIBO-Roboter
Theema Fortbeweegung um Land
Bronche-Modell
Theema Bauen an der Natur
Experiment-Apparatur
Theema Liewen ënner extreeme Bedingungen
Modell vun engem Schlaangekapp
Theema D'Ëmwelt erkennen

2008-2010[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem Schouljoer 2007/2008 ass de Galileo Science Mobil mam Theema Eis 5 Sënner ënnerwee. Mat Hëllef vun der Physik, der Chimie an der Biologie soll probéiert ginn ze verstoen, wéi eis fënnef Sënner d'Informatiounen zum Beispill aus der Luucht, aus dem Toun oder aus dem Geroch entzifferen.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Musée-Bus ass den éischte Bus vum Naturmusée an ass zanter dem Mee 1994 am Asaz.