Gerard (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Gerard
De Moundkrater Gerard mat Niewekrateren
(LROC-WAC)
Koordinaten 44°32'24"N, 80°30'36"W
Duerchmiesser 98,78 km
Déift 2.200 m
Selenographesch Längt 82° bei Sonnenopgank
Genannt no Alexander Gerard
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ03


De Gerard ass en Aschlagkrater um baussenzegen nordwestleche Rand vun der viischter Moundsäit, nërdlech vum Krater von Braun an dem Lavoisier, um westleche Rand vum Oceanus Procellarum. De Kraterrampli ass ganz staark erodéiert an deelweis vun Niewekrateren iwwerdeckt. Nordwestlech leien déi béid däitlech méi grouss, anenee gelagert Ramplie vum Gerard Q Inner a Gerard Q Outer.

Um westleche Rand vum Gerard Q Inner leeft duerch de Rampli vum Gerard Q Outer d'Rillesystem vum Rimae Gerard.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 45,06° N, 82,24° W7 18 km [1]
B 46,34° N, 88,04° W7 14 km [2]
C 45,87° N, 79,29° W7 28 km [3]
D 46,09° N, 79,93° W7 6 km [4]
E 44,5° N, 80,97° W7 6 km [5]
F 43,76° N, 82,25° W7 5 km [6]
G 45,58° N, 88,1° W7 23 km [7]
H 44,49° N, 86,76° W7 13 km [8]
J 46,8° N, 88,44° W7 9 km [9]
K 43,93° N, 77,26° W7 6 km [10]
L 43,21° N, 76,43° W7 4 km [11]
Q Inner 46,52° N, 83,1° W7 67 km [12]
Outer 47,02° N, 84,38° W7 191 km [13]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom schottesche Philosoph Alexander Gerard genannt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gerard – Biller, Videoen oder Audiodateien