Helena vu Konstantinopel
| Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Critèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
D' Helena vu Konstantinopel, lat. Flavia Iulia Helena, gebuer am Joer 248 oder 250 zu Drepanon, dem haitegen Hersek an der Tierkei, an ëm 330 zu Nikomedia, dem haitegen tierkeschen Izmit, gestuerwen, war eng réimesch Keeserin an d'Mamm vum Konstantin de Groussen. An der Kathoulescher an an der Orthodoxer Kierch gëtt si als Helleg veréiert.
Liewen [änneren]
D'Helena staamt wahrscheinlech aus ganz einfache Verhältnisser. Hire Papp ass en heednesche Wiert. Si selwer lieft zu Naissus als Herbergswiertin. Hatt huet eng illegitime Bezéiung zu deem réimeschen Offizéier Constatinus, mat deem et zwëschen 272 an 280 ee Bouf kritt, de Konstantin. 289 trennt sech de Constatinus wéinst hirem nidderege Stand a fir sech mam Theodora, Stéifduechter vum Keeser Maxiamus ze bestueden. 293 gëtt hien dann zum Keeser ernannt.
Mee Helena gëtt net op. Obwuel déi meescht heednesch Famillen éischter en immens Bild vum Helena haten, well eng onadeleg Hierkonft huet, hat hatt trotzdeem nach Afloss. Ënnerstëtzt duerch d'Chrëschten, well hatt de Constatinus an Theodora trennen.
Wei 306 de Konstantin op den Troun kennt, suergt d'Helena dofir dass dem Konstantin seng Hallefbridder verbannt gi sinn. Duerch de Konstantin erhält d'Helena den Titel "nobilissima femina", wat esou vill heescht ewéi "déi edelst Fra"
312 gewënnt de Konstatin iwwer säi Géigner Maxentius an der Schluecht bei der Milvischer Bréck . D'Helena erhält den Titel vun enger Augusta an huet Urecht op den Diadem an enger Abildung op de Mënzen.
Helena als Chrëschtin [änneren]
Am selwechte Joer konvertéiert se zum Chrëschtentum. Hire Bouf erléist doduercher och eng Toleranz fir d'Chrëschtentum a setzt domat dann och der Chrëschteverfolgung en Enn. Och an all aner Hisiicht probéiert se de Glawen ze verbreeden. Duerch si goufen e ganze Koup Kierche gebaut, esou zum Beispill d'Kräizkierch zu Jerusalem, Gebuertskierch zu Betlehem an d'Apostelkierch zu Konstantinopel.
Mat iwwer 70 Joer soll dem Helena Gott am Dram erschéngt sinn a gesot hunn, hatt sollt an Palästina reese fir do d'Graf vum Jesus Christus ze fannen. Tatsächlech ass hatt dunn op Jerusalem gereest an no den Zäitzeien soll et och erfollegräich gewiescht sinn mat senger sich. Esou guer den Bëschof Makarios I vun Jerusalem bestätegt d'Entdeckung vum Hellege Kräiz.Mat 79 Joer bréngt si et während hirer Wallfahrt nach fäerdeg iwwert dem Gaart Getsemani eng Kierch ariichten ze loossen.
No hirem doud gëtt se an der via Labicana an engem Mausoleum zu Roum bäigesat. et gëtt vermud dass des Plaatz dem Konstantin selwer zougesprach gewiescht war. Hire hellt si dann zréck op Konstantinopel. Am 9.Joerhonnert kent se an Benediktinerabtei zu Hautvillers. Scho zu der Zäit as se do an zu Treier veréiert ginn.