Hotel Kons

Vu Wikipedia
Den Hotel Kons, ëm 1939

Den Hotel Kons war en Hotel vis-à-vis vun der Gare an der Stad Lëtzebuerg, um Eck vun der Garer Plaz an der Joseph-Junck-Strooss.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

1873 huet den Hotelier Keiffer eent vun de bedeitendste Gebaier op der Garer Plaz baue gelooss, e Gebai dat och eent vun den éischte stengen Haiser am Garer Quartier war.

Hanner dem Hotel war e groussen Haff an deem d'Händler déi op de Maart koumen hir Päerd fräi konnte lafe loossen.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Ëm 1900 hat den Hotel Kons-Haas 22 Zëmmeren, e Café an e Restaurant. Hannert dem Hotel goufen et e puer Päerdsställ.

De Kons housch eng Zäit laang Grand Hôtel du Commerce

1910 gouf en zousätzleche Stack op d'Gebai drop gebaut an den Hotel gouf an Grand Hôtel du Commerce ëmgenannt.

Vun 1914 u war d'Gebai verlount, ier de Proprietär et dunn 1934 erëm selwer iwwerholl huet. 1937 huet hien et am modernistesche Stil nei baue gelooss; den Hotel hat duerno 100 Zëmmeren.

An de Krichsjore gouf den Hotel kommissaresch vun engem Tirouler weider gefouert bis d'Famill Kons en 1946 erëm selwer iwwerhuele konnt.

1957 gouf den Hotel du vum Nicolas Schmit-Noesen a Richtung vun der Joseph-Junck-Strooss vergréissert an hat duerno 160 Zëmmere mat private Buedzëmmeren. D'Gebai hat dunn och e Lift an huet zu de bedeitendsten Hotellen an der Stad gehéiert.

1973 ass den Hotel un eng däitsch Firma verkaf ginn déi en 1975 renovéiert huet; eng Rei Raim goufen dunn als Büroen ëmgebaut. Nodeems de ganze Komplex nach zweemol verkaf gouf, ass 1988 mam Hotelbetrib opgehale ginn.

D'Gebai gouf duerno no de Pläng vum Pierre Schumacher a Fiorenzo Cavallini an e Büros- a Wunngebai mat enger a Geschätsgalerie an engem ënnerierdesche Parking ëmgebaut; eng Rei Haiser an der Épernay- a Joseph-Junck-Strooss goufe mat agebonnen. D'Geschäftsgalerie ass 1991 opgaangen ier 2013 en neien Investisseur decidéiert huet, de ganze Komplex nees eng Kéier ze renovéiere resp. ofzerappen.[1]

Den neie Wunn- Büros- a Geschäftskomplex dee vum Architektebüro m3architectes geplangt gouf a momentan am Bau ass, soll 2016 seng Dieren opmaachen.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hotel Kons – Biller, Videoen oder Audiodateien

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Galerie Kons wird umgebaut - Geschäfte müssen weichen op wort.lu den 23. Januar 2013
  2. ING-Bank zieht in die Galerie Kons op wort.lu den 30. Januar 2013