I Zwicky 18

Vu Wikipedia
Zwerggalaxie
I Zwicky 18
Foto vun der Zwerggalaxie I Zwicky 18 (lénks ënnen), opgeholl vum HST.
Stärebild (UMa)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 09h 34,0m
Deklinatioun + 55° 14,4'
Ausgesinn
Visuell Magnitude 16,0 mag
Wénkelduerchmiesser 0,3 × 0,2
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) zirka 59 Mio.
Radialvitess (751 ± 2)
Geschicht
Entdecker Fritz Zwicky
Entdeckungsdatum 1930
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
PGC 27182
UGCA 166

D'I Zwicky 18 (I Zw 18), genannt no hirem Entdecker, Fritz Zwicky, ass eng Zwerggalaxie, déi zirka 59 Millioune Liichtjoer vun eis ewech am Stärebild Ursa Major läit.

Laang Zäit goung een dovun aus, datt d'Galaxiëformatioun schonn e puer Milliarde Joer nom Urknall fäerdeg war. Enn 2004 war et duerch Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop sécher[1], datt d'I Zwicky 18 eréischt 500 Millioune Joer al ass - am Géigesaz zum Beispill zu eiser Mëllechstrooss, déi schonn en Alter vun 12 Milliarde Joer huet.

Duerch nei Auswäertunge vu Fotoe vum Hubble-Teleskop am Joer 2007 goufen allerdéngs liichtschwaach, rout Stären an der I Zwicky 18 entdeckt, déi drop hindeiten, datt d'Galaxie däitlech méi al ass, wéi bis elo ugeholl ginn ass, nämlech tëscht 1 an 10 Milliarde Joer.

Zousätzlech gouf d'Distanz vun der I Zwicky 18 zu der Mëllechstrooss op 59 Millioune Liichtjoer duerch nei Miessunge bei Cepheide korrigéiert.

D'Galaxie ass déi meescht Zäit zanter hirer Genesis éischter onproduktiv gewiescht an huet eréischt relativ spéit mat der Produktioun vun hire Stären ugefaangen. De Grond fir déi spéit Stäregebuerten ass onbekannt.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. hubblesite.org/newscenter