Infrabel-Linn 24

Vu Wikipedia
2 SNCB 55 op der Linn 24, am Joer 2007, kuerz hanner der Grenz. Nach steet hei keng Catenaire.
Den Eisebunnsviaduct vu Moresnet ass mat 1.100 Meter dee längsten an der Belsch.

D'Infrabel-Linn 24 ass eng Eisebunnsstreck an der Belsch an Däitschland déi Tongeren mat der Giddergare zu Oochen- West verbënnt. Déi 44 km laang Streck huet hiren Ufank um Y vu Glons an ass de leschten Deel vun der sougenannter Montzenroute déi Antwerpen mat Oochen verbënnt.

Geschichtlech Daten[änneren | Quelltext änneren]

Et gouf zanter 1872 eng Verbindung tëscht Oochen a Welkenraedt d'Linn 39, déi vu Welkenraedt aus weider iwwer d'Linn 37 Verviers-Léck gefouert huet. Well déi Streck awer laang a plazeweis iwwer 25‰ géi war, hunn déi meescht Zich tëscht Däitschland an de belschen Häfen Antwerpen a Zeebrugge den direkte Wee duerch Holland geholl. Am militaristesch markéierte Preisen hu se vum Eisener Rhein geschwat.

Mä déi hollännesch Douanes Taxen hunn deen Ëmwee deier gemaach, a sou hu sech d'Belsch an Däitschland 1903 drop gëeenegt eng Streck tëscht Bréissel an Oochen ze bauen, déi via Léiwen an Tongeren sollt goen.

Nodeem d'Pläng op belscher Säit fäerdeg waren, ass de Projet wéinst dem Widderstand vun der Industrie am Lécker Raum a wéinst Biergerprotester op der aler Streck net realiséiert ginn. Si hate gefaart datt déi néi Streck hiren Eisebunnsaccès a Gefor géif bréngen.

Wéinst dem Ausbroch vum Éischte Weltkrich an der Neutralitéit vun Holland, si keng Zich méi iwwer den Eisener Rhein gefuer, an déi däitsch Arméi huet hir Millitärtransporter missen iwwer déi al Streck an iwwer d'Vennbunn fuere loossen.

Bau vun der Linn[änneren | Quelltext änneren]

D'Linn 24 gouf tëscht 1916 an 1917 an engem Stéck gebaut an ass de 17.Februar 1917 fir de Giddertransport opgaangen. Wärend bis den 9.Oktober nëmme Gidderzich op der Streck gefuer sinn, si vun do un och Persounenzich ënnerwee.

Schonn 1918 gëtt en zweet Gleis geluecht.

1944 hunn alliéiert Fligeren d'Streck bombardéiert, fir déi däitsch Versuergungslinnen ze stéieren.

Modernisatioun vun der Linn[änneren | Quelltext änneren]

D'Streck gouf a 4 Etappen elektrifizéiert: Tunnel Gemmenich - Oochen: 1968 Tongeren - Visé: 1982 Visé - Montzen: 1984 Montzen - Gemmenich: 2008

Well d'Catenairen um Stéck Montzen - Gemmenich gefeelt hunn, si bis 2008 Diesellokomotiven ugekrämpt ginn. Nieft belschen SNCB 55, waren et däitsch Lokomotiven aus de Reien DB 130, DB 215 an DB 244. Lokomotiven aus de Serien SNCB 20, SNCB 23 an SNCB 26 hunn deemools d'Gidderzich bis op Montzen bruecht, vun wou aus et du mat Diesel weidergoung. Zanter 2008 sinn op der Streck Maschinnen aus de Serien SNCB 28 an SNCB 29 mat de Gidderzich ënnerwee.

Zäitgläich mat der Elektrifizéierung, gouf de Viaduc vu Moresnet ernéiert. Déi 1916 gebaute Stolkonstruktioun war a sou engem schlechten Zoustand datt Mëtt 2007 nëmme mat enger Héchstvitesse vun 20 km/h huet däerfe gefuer ginn. Haut kënnen d'Zich nees mat 60 km/h doriwwer fueren. Um Viaduc vu Moresnet ass iwweregens och de Wiessel am Stroumsystem tëscht dem belsche Gläichstroum mat 3kV an dem däitsche Wiesselstroum mat 15kV 16⅔Hz.

Garen an Halten op der Streck[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Streck nëmmen nach fir de Giddertransport benotzt gëtt, goufen all d'Garen zougemaach.

Bauwierker op der Streck[änneren | Quelltext änneren]

Déi extreem Dimensioune weisen op den ursprénglechen Zweck vun der Streck hin, nämlech grouss Pentë verhënneren.

Brécken[änneren | Quelltext änneren]

Tunnellen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]