Serie 28/29 (Bombardier) SNCB
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat den vu Bombardier gebauten Serien 28 an 29 SNCB. Fir déi vun Baume-Marpent gebaute Lokomotiven, kuckt w.e.g. Serie 28 (Baume-Marpent) SNCB respektiv Serie 29 (Baume-Marpent) SNCB. |
| SNCB Serien 28/29 | ||
|---|---|---|
| Technesch Daten: | Serie 28 | Serie 29 |
| Nummeréierung: | 2801-2843 | 2901-2905 |
| Stéckzuel: | 43 | 5 |
| Constructeur: | Bombardier zu Kassel | |
| Baujoren: | 2007 | |
| Ausmusterung: | nach a Betrieb | |
| Achsformel: | Bo’Bo’ | |
| Déngschtmass: | 85,0 t | |
| Längt iwwer Puffer: | 18.900 mm | |
| Héicht: | 4.380 mm | |
| Héchstvitesse: | 140 km/h 160 km/h op der HSL 4. |
|
| Stroumsystemer: | 1,5kV Gläichstroum 3kV Gläichstroum 25kV 50 Hz Wiesselstroum 15kV 16,⅔ Hz Wiesselstroum |
|
| Motoren: | 4 | |
| Leeschtung: | 5600 kW | |
D'Lokomotive vun de Serien 28 an 29 sinn Elektroloke vun der SNCB déi tëscht 2008 an 2009 vun der SNCB bei der Societéit Angel Trains (haut Alpha Trains) geleast goufe fir domat op den Nopeschreseaue fueren ze kënnen. Et si Bombardier TRAXX Lokomotiven aus der Serie 186. Si kënnen ënnert der belscher, franséischer, hollännescher an däitscher Catenaire fueren.
Bemierkungen [änneren]
- D'Serien 28 an 29 goufe souwuel fir de Giddertransport, wéi och fir de Persounentrafic geleast. Hir Haaptachse, si mat Gidderzich, d'Streck Antwerpen - Montzen - Oochen- Köln an Antwerpen - Holland. Mat Persounenzich sinn s'op der Verbindung Bréissel - Amsterdam ënnerwee.
- 2007 schonn wollt d'SNCB Maschinne vun dësem Typ leasen, fir mat hinnen op der InterRegio s Verbindung ze fueren. Well d'Héichvitessestreck 4 schon den neien europäeschen ETCS Zuchsécherungssystem huet an en Norëschte vun de Maschinnen deemools net méiglech war, huet d'SNCB op M6BDx Steierween an SNCB 13 Lokomotiven zréckgegraff.
- Haut hunn d'Serien 28 an 29 ETCS a komme mat den InterCity B op der LGV 4 an den Asaz. Den Asaz vun dëser Zort Lokomotive mat 160 km/h ass aussergewéinlech.
- Virun 2008 hunn Gidderzich op der wichteger Ost-West Verbindung Antwerpen - Däitschland via Oochen, missen tëscht Montzen an Oochen vun Diesellokomotive gezu ginn, well keng Catenaire do war. Wéinst der Liberaliséierung vun den Eisebunnsreseauen hat d'SNCB Angscht datt privat Operateure kéinte bis op Antwerpen kommen an d'Gidder duerch Holland bis an Däitschland bréngen. Dowéinst huet d'SNCB 2008 d'Gidderstreck 24 Montzen - Oochen-West elektrifizéiert an d'Serien 28 an 29 fueren tëscht Montzen an Oochen Navetten.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: SNCB Class 28 (Bombardier) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Elektresch Lokomotive bei der SNCB