Serie 12 SNCB

Vu Wikipedia
Serie 12 SNCB
Nummeréierung: 1201-1212
Stéckzuel: 12
Constructeur: Elektrescht: ACEC vu Charleroi
Mécanique: CFM (BN) vun Nivelles
Baujoer: 1986-1987
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 85 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 18.650 mm
Héicht: 4.220mm
Maximal Achselaascht 21 Tonnen
Héchstvitesse: 160 km/h
Stroumsystemer: 3kV Gläichstroum
25kV 50 Hz
Leeschtung: 3130 kW

D'Lokomotive vun der Serie 12 sinn Elektrolocke vun der SNCB déi 1986-1987 fir den Trafic iwwer d'Grenz ewech a Richtung Frankräich kaaft goufen.

Si kënnen ënner der belscher a franséischer Catenaire fueren.

Bemierkungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Mëtt der 80er Joren huet d'SNCB d'Serien 21 a 27 fir de bannenzegen Trafic, d'Serie 11 fir eriwwer an Holland an d'Serie 12 fir a Frankräich kaaft.
  • An den 1980er an 1990er Joren ass d'Serie 12 souwuel op Gidderzich, wéi och op Passagéierzich agesat ginn. Vun 1996 un, ginn d'Passagéierzich aus klasseschem Material (Reesvoituren), rar well d'AM 96 déi meescht Verbindungen a Richtung Frankräich maachen.
  • Zesumme mat de franséische Lokomotive vum Typ BB 36000 fiert d'Serie 12, Navetten tëscht de belsche Marchandisegarë vu Ronet bei Namouer, Antwerpen a Zeebruges an de franséische Marchandisegarë bei Lille, Calais, Sommain a Bobigny bei Paräis.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: SNCB Class 12 – Biller, Videoen oder Audiodateien