Jacques Cassini

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Jacques Cassini

De Jacques Cassini gebuer den 18. Februar 1677 zu Paräis, gestuerwen de 16. Abrëll 1756 zu Thury bei Clermont; och Cassini II genannt, war e franséischen Astronom a Geodet, de sech ënner anerem mat der Äerdfigur befaasst huet.

De Jacques Cassini ass de Jong vum Jean-Dominique (italienesch: Giovanni Domenico) Cassini, dem Direkter vum Paräisser Observatoire. Hie studéiert am College Mazarin zu Paräis, dat hien am Alter vu 14 oder 15 Joer mat enger Aarbecht iwwer d'Optik verléisst.

Am Joer 1694 gouf hie bei den Académie des sciences zougelooss, an ëm 1698 bei engem Openthalt an England an d'„Royal Society of London“ opgeholl.

De Meridian- bzw. Gradmiessungen, déi hien 1700 zesumme mat sengem Papp a Frankräich duerchgefouert huet, setzt hie d'Hypothese op, datt de Polradius vun der Äerd gréisser als den Äquatorradius wier, datt d'Äerd also wéi en Ee misst ausgesinn. Am Géigesaz zu him vertrieden déi englesch Astronomen ënner der Leedung vum Isaac Newton d'Usiicht, datt d'Äerd op de Pole ofgeplattt wier, well d'Äerdrotatioun eng Fléihkraft bewierke misst. Fir deemools awer eng vun deenen zwou Thesen widderleeën ze kënnen, waren d'Gradmiessungen nach eppes ze ongenee.

Vun 1709 un, wou d'Séikraaft vu sengem Papp ofgeholl huet, huet de Jacques ëmmer méi d'Aufgaben am Observatoire zu Paräis iwwerholl.

Hien huet weider Vermiessungen a Frankräich ënnerholl (1718 an 1733), bei der leschter ass hie vu sengem Jong, César-François ënnerstëtzt ginn . D'Miessungen hunn nees d'Eeform-These vun der Äerd gestëtzt, gouf awer ugezweiwelt, well nei Miessunge vum Pierre Bouguer a Charles Marie de la Condamine 1735 am Peru a vum Pierre de Maupertuis 1736 a Lappland d'Thes vun der Ofplattung op de Polen ënnerstëtzt hunn.

De Cassini huet der Astronomie wäertvoll Impulser ginn, duerch seng exakt Tabellen iwwer d'Sonn, Äerdmound, Planéiten an d'Mounde vu Jupiter a Saturn, souwéi duerch Miessunge vun der Eegebewegung vu Fixstären.

De Jacques Cassini ass gestuerwen den 16. Abrëll 1756 un de Folge vun engem Accident, bei deem sech den Dag virdrun seng Kutsch iwwerschloen hat.

Den Asteroid (24102) Jacquescassini ass no him benannt ginn.

Säin Nofolger als Direkter vum Observatoire gouf säi Jomg César-François Cassini de Thury.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Cassini, Marsdäischtert duerch den Äerdmound, gesinn am Paräisser Observatoire Beobachtung, den 18te Januar, 1726. Am „Kinneklech Akademie vun de Wëssenschaften zu Paräis, physische Ofhandlungen. Band 7, 1751. Korn (Hrsg.), S. 660–661, ([1])
  • Éléments d'astronomie, 1740
  • De la grandeur et figure de la terre, 1720