Josée Lorsché

Vu Wikipedia
Josée Lorsché
Gebuer 9. September 1961
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Schoulmeeschter
Partei déi gréng

D'Josée Lorsché, gebuer den 9. September 1961 zu Diddeleng, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (déi gréng) vu Beetebuerg. Vu Beruff ass si Léierin.

Theemen[änneren | Quelltext änneren]

Hir laangjäreg Aarbecht als Léierin an d'Antiatomkraaftbeweegung an den 80er Joren hunn d'Josée Lorsché dozou beweegt sech am Beräich vun der Sozial- an Ëmweltpolitik z'engagéieren. Aner wichteg Theeme fir si sinn d'Integratioun vu Mënsche mat Behënnerung, Altersfleeg, d'Gläichstellung vun homosexuelle Mënschen an och d'Gläichstellung vu Mann a Fra.[1]

Gemengepolitik[änneren | Quelltext änneren]

D'Josée Lorsché ass zanter de Gemengewale vun 2005 am Beetebuerger Gemengerot, an do zanter 2011 Schäffin.[2]

Landespolitik[änneren | Quelltext änneren]

Si gouf de 6. Juli 2011, wéi si de Jean Huss ersat huet, dee sech zeréckgezunn hat,[3] als Deputéiert aus dem Bezierk Süden an der Chamber vereedegt.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 an deene vum 14. Oktober 2018 gouf d'Josée Lorsché erëmgewielt.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Josée Lorsché op greng.lu Archivéiert op 2015-07-10. Gekuckt de(n) 2015-07-03.
  2. bettembourg.lu Archivéiert op 2013-06-24. Gekuckt de(n) 2011-06-10.
  3. "Chamber: Lorsché a Léiweng, Gemengewahlen a Staumauer. rtl.lu - 06.07.2011, 16:25 - Fir d'lescht aktualiséiert: 07.07.2011, 08:08
  4. (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-24.