Juri Michailowitsch Lujkow

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Juri Michailowitsch Lujkow

De Juri Michailowitsch Lujkow (Юрий Михайлович Лужков), gebuer den 21. September 1936 zu Moskau, ass e russesche Politiker.

Hie war Deputéierten am Ieweschte Sowjet an duerno Member vun der Moskauer Stadverwaltung, déi en zum Schluss presidéiert huet. Vum 6. Juni 1992 bis den 28. September 2010 war hien dunn ieweschte Buergermeeschter vu Moskau.

Säin Haaptschwéierpunkt war den Encouragement vum Geschäfts- an Entrepreneursgeescht an der Stad. Ënnert him huet déi russesch Haaptstad e grouss Bauboom erlieft.

[änneren] Perséinleches

Säi Papp, de Michail Andrejewitch Lujkow, war e Bëschaarbechter, deen an den 1930er Joren vun engem klengen Duerf aus dem Oblast Twer op Moskau geplënnert ass. Seng Mamm Anna Petrowna kënnt aus der Republik Baschkirien.

Vun 1953 bis 1958 huet de Lujkow op der der Moskauer Héichschoul fir Ueleg- a Gasindustrie studéiert. 1958 huet e seng éischt Fra, d'Marina Baschilowa bestuet an huet mat hir zwee Kanner kritt, de Michail an den Aleksandr. Vun 1958 bis 1964 huet hien als Chercheur um Moskauer Institut fir Wëssenschaftlech Recherche u Plastiker geschafft. Der Kommunistescher Partei vun der Sowjetunioun (KPSU) ass hien 1968 bäigetrueden. Déi nächst 20 Joer laang schafft hien un Automatiséierungsinitiativen a verschiddene Sektore vun der chemescher Industrie. Esou war hien ë.a. véier Joer laang Abteilungsleeder am Ministerium fir chemesch Industrie vun der UdSSR.

Seng Fra Baschilowa ass 1989 u Liewerkriibs verscheet. De Lujkow huet sech 1991 eng zweet Kéier bestuet, mam Jelena Baturina, an huet mat hir zwee Meedercher kritt, d'Aljona (* 1992) an d'Olga (* 1994).

De Lujkow spillt ëffentlech Foussball géint aner Politiker. Zu sengen Hobbien zielen Tennis a Beienzuucht. Dacks gesäit een de Lujkow mat enger liederser Markekap.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Juri Lujkow – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen