Karl Schaifers

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Karl Schaifers, gebuer den 21. November 1921 zu Koblenz a gestuerwen de 26. Oktober 2009 zu Heidelberg war en däitschen Astronom.

De Karl Schaifers huet zu Bonn Astronomie a Physik studéiert. Hien huet do 1952 mat der Aarbecht - Ënnersich iwwer déi absolut Hellegkeeten an d'räimlech Verdeelung vun den F-Stären - promovéiert.

En huet am Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl geschafft.

Zesumme mam Sebastian von Hoerner huet hie Meyers Handbuch über das Weltall (1960) erausbruecht, an huet déi folgend Editioune vum Wierk betreit (6. Edit. 1984). Zesumme mam Rudolf Kühn a mam Hans Elsässer huet hien am Joer 1962 d'Zäitschrëft Sterne und Weltraum gegrënnt an huet och etlech populärwëssenschaftlech Bicher geschriwwen.

1983 krut hien de Bruno-H.-Bürgel-Präis vun der Astronomescher Gesellschaft fir säi Verdéngscht bei der Populariséierung vun der Astronomie.

No him gouf dee vum Karl Wilhelm Reinmuth entdeckten Asteroid (1742) Schaifers genannt.

[änneren] Wierker

  • Geschwister der Sonne, 1976
  • Atlas zur Himmelskunde, 1969
  • Meyers Sternbuch für Kinder: Petra lernt den Himmel kennen, 1964

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen