Kierch Äischen

Vu Wikipedia
Kierch vun Äischen

Uertschaft / Plaz Äischen
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Péitrus a Ketten
Architekt(en) Antoine Hartmann
Baujoer 1865
Koordinaten 49° 41’ 09.8’’ N
      05° 52’ 35.9’’ O
Kierchen - Kapellen
Deen neien Zelebratiounsaltor vun 2008

D'Kierch vun Äischen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Habscht gehéiert.

D'Kierch ass dem hellege Péitrus a Ketten geweit, den zweete Patréiner ass den hellege Matthias.

Se steet am Norde vun der Uertschaft op engem Hiwwel. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur chrëschtltecher Gemeinschaft vun Äischen gehéiert ausser der Péiterskierch och nach d'Renterter Kapell.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

De 24. Januar 1803 gouf Äischen eng selbststänneg Par. Den éischte Paschtouer war de Johann Heinrich Bommler vun Harel.

D'Geneemegung fir déi al baufälleg Kierch duerch eng nei z'ersetzen, där hir Pläng vum Architekt Antoine Hartmann stamen, gouf de Gemengerot de 15. Januar 1862. De 17. Mäerz huet den apostouleschen Nuntius Nicolas Adames e positiven Avis ofginn an den 21. Mäerz koum dem Generaldirekter säin Accord, soudatt den 11. November den Deche vu Käerch de Grondstee seene konnt, deen am Tuerm beim Agank riets tëscht der zweeter Haaptpaart an der Niewendier agesat gouf. De Bau vun der Kierch huet bis 1865 gedauert. Iwwer dem Agank ass d'Joreszuel 1864 agravéiert.

De barocke Mobilar aus der aler Kapell ass an der neier Kierch iwwerholl ginn.

Am Joer 2008 huet den norddäitsche Kënschtler Ulrich Lindow en neien Ambo, en Ouschterkäerzestänner an en neien Zelebratiounsaltor fäerdeggestallt, déi den 23. November 2008 vum Äerzbëschof Fernand Franck geweit, respektiv geseent, goufen.

De 7. Mee 2017 gouf d'Par Äischen opgeléisst, an an déi nei Par Äischdall-Helpert St-Willibrord integréiert, zu där och Gemenge Biissen, Habscht, Helperknapp a Sëll gehéieren.

Den Tuerm[änneren | Quelltext änneren]

Den Tuerm huet eng Héicht vun 53,50 Meter. Dovu sinn der 20 fir d'Daachpyramid a véier Meter fir d'Tuermkräiz.

Déi dräi Klacke lauden an der Tounaart gis', fis', e'.

De Kräizwee[änneren | Quelltext änneren]

De Kräizwee gouf am Joer 2000 vum Konschtmoler Robert Klein vu Bilschdref restauréiert.

Lëscht vun de Paschtéier[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Äischen – Biller, Videoen oder Audiodateien