Kiischpelter Cartoonale

Vu Wikipedia
Offizielle Logo vun der Kiischpelter Cartoonale (Poleurs, 1994)

D'CartoonArt.lu, fréier Kiischpelter Cartoonale genannt, ass eng Vereenegung vu Lëtzebuerger Zeechner aus de Beräicher Cartoon, Karikatur, Pressezeechnung a kritesch Graphik. Si ass entstanen aus enger Rëtsch vun Aktivitéiten, déi sech an de Joren 1992 bis 1997 am Kiischpelt ofgespillt hunn, weé z. B. Cartoons- a Karikaturen-Ausstellungen, Publikatiounen, Ateliere fir Jonker, Life-Zeechnen.

D'A.s.b.l. Kiischpelter Cartoonale gouf den 13. Mäerz 1997 gegrënnt an huet déi Ausstellungs- a Publikatiouns-Aktivitéiten iwwerholl, déi ënner dem Numm "Kiischpelter Cartoonale" an de Jore virdru vum Syndicat d'initiative Kiischpelt bis 1996 organiséiert a finanzéiert goufen. Eng Konventioun vum 17. Februar 1997 tëscht béide Vereenegungen huet dësen Iwwergank gereegelt. De 27. Februar 2009 huet d'Vereenegung den Numm gewiesselt an heescht vun do un "CartoonArt.lu" an de Veräinssëtz gouf vu Wëlwerwolz an d'Veianer Schlass verluecht.

Wéi et dozou koum[änneren | Quelltext änneren]

Um traditionellen "Open Air Konschtfestival" deen zanter 1991 all Joer op Nationalfeierdag zu Lellgen an der Gemeng Kiischpelt ass, hu vun Ufank un och begeeschtert Zeechner wéi de Josy Greisen, Carlo Schneider, Robert Soisson deelgeholl, an éischter bäileefeg sinn éischt humoristesch Zeechnunge ronderëm de Moler-Concours zu Lellgen entstanen.

Fréi gouf et kloer, datt d'Karikatur an d'Cartoons net géife bei dem Moler-Concours als eege Konschtgattung mat sonner Präisser virgesi ginn, soudatt déi deemoleg Initiateuren an dreiwend Kräfte vum Lellger Molermaart virgeschloen hunn, eng eegen Ausstellung an eventuell och e Concours zu enger anerer Joreszäit z'organiséieren.

D'Zeechner hunn dës Offer gär opgegraff. Gläich am Hierscht/Wanter 1992 koum et zu enger éischter Ausstellung ënner dem Titel Lëtzebuerger Cartoons. Un der Ausstellung hunn de Josy Greisen, Serge Kugener (Kugi), Roger Leiner, Pol Leurs, Gérard Pierson (PiGé), Carlo Schneider, Patricia Thielen (Patty), Patrick Peiffer, Asko Schroeder, Nic Tholl an de Marcel Weyland mat Originalzeechnungen deelgeholl. D'Ausstellung gouf vum 6. bis den 8. November 1992 an der deemoleger Hostellerie La Bascule zu Wëlwerwolz gewisen. E klenge Katalog koum och dozou eraus.

Chronik[änneren | Quelltext änneren]

  • 1993 - Humor um Duerf – Concours fir Nowuess-Zeechner
    • Prix du jeune talent fir de Sérafim Pinho (*1973, L) a Stéphane Schuh (*1975, L) (Schuh+Pinho)
    • Prix du public fir Patricia Thielen (*1969, L) (Patty)
  • 1994 - Home sweet home - Humor doheem - Concours
    • 1. Prix du jeune talent fir Gérard Pierson (*1970, L)
    • 2. Prix du jeune talent fir Caroline Engelmann (*1978, L)
    • Prix du Conseil de Presse un Pol Leurs (*1947, L) (Poleurs)
  • 1995 - Cartoons an Texter zum Kulturjoer - Nowuess-Concours
    • Prix d'encouragement fir Mireille Guden (*1969, L), Luc Rod (*1977), a Franco Taddei (*1969, L)
  • 1996 - Léieren - e Liewe laang?! - Nowuess-Concours
    • 1.Präis fir de Sérafim Pinho (*1973, L) a Stéphane Schuh (*1975, L)(Schuh+Pinho)
    • 2. Präis fir den David Gautier (*1974, L)
    • Spezialpräis fir d'Schoulklass 8TE5 (96/97) aus dem Mierscher Lycée.
  • 1997 - Grënnung vun der Vereenegung am Virfeld vun der internationaler Karikaturenausstellung a vum Concours "Cartoons contra racism" - Nowuess-Concours
    • 1. Präis: Bas Van der Schot (*1970, NL)
    • Fërderpräis: Cecilia Lima de Pina (Cici) (*1978, L) an Raymond Nsanzimana (*1968, B)(Ray)

Weider Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

  • Studiereesen
  • Ateliere fir Jonker
  • Bedeelegung bei anere Festivallen
  • 1998: Éditions Kiischpelter Cartoonale: Fernand Weirich: De Nächsten - Medizynisches

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Weirich, Fern, 1998. De Nächsten - Medizynesches. 48 S. Kiischpelter Cartoonale Éditions. Ëlwen 1998.
  • De Flautert 97/98 - Cartoons contra racism. Katalog zur Ausstellung an zum Concours 1997. 112 S. Kiischpelter Cartoonale Éditions. ISBN 2-9599929-1-1. Lëtzebuerg 1997.
  • De Flautert 1996 - Cartoons an Texter: Léieren - e Liewe laang?! 48 S. Syndicat d'Initiative Kiischpelt - Op der Lay. ISBN 2-87967-037-3. Wëlwerwolz an Esch-Sauer 1996
  • De Flautert 95/96 - Cartoons an Texter: Kultur. 48 S. Syndicat d'Initiative Kiischpelt - Op der Lay. ISBN 2-87967-031-4. Wëlwerwolz an Esch-Sauer 1995
  • De Flautert 94/95 - Cartoons an Texter: Home Sweet Home - Humor doheem. Syndicat d'Initiative Kiischpelt - Op der Lay. ISBN 2-87967-026-8. Wëlwerwolz an Esch-Sauer 1994.
  • De Flautert 93/94 - Cartoons an Texter: Humor um Duerf. 40 S. Syndicat d'Initiative Kiischpelt - Op der Lay. ISBN 2-87967-020-9. Wëlwerwolz an Esch-Sauer 1993.
  • Lëtzebuerger Cartoons. Ausstellungskatalog. 18 S. Syndicat d'Initiative Kiischpelt, Wëlwerwolz 1992.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]