Leana Sealy

Vu Wikipedia
Leana Sealy
Gebuer 27. Abrëll 1978
Dublin
Aktivitéit Jazzmuseker

D'Leana Sealy, gebuer de 27. Abrëll 1978 zu Dublin, ass eng iresch Jazzvokalistin a klassesch Saxophonistin, déi de gréissten Deel vun hirem Liewen zu Lëtzebuerg verbruecht huet. Si ass Enseignante um Stater Conservatoire an op der Réidener Musekschoul.

Schoulen[änneren | Quelltext änneren]

Mat 12 Joer huet d'Leana Sealy hir Museksstudien um Stater Conservatoire an der Klass vum Guy Goethals ugefaangen.

No der Première am Kolléisch am Joer 1997 ass si op de "Conservatoire royal" op Bréissel Saxophon studéiere gaangen (Klass vum Alain Crepin). Dës Studien huet si am Joer 2003 mat engem Prix supérieur[1] ofgeschloss.

Si mécht dunn eng Spezialisatioun am Fach Saxophon um « Conservatoire national de région de Strasbourg » (Klass vum Philippe Geiss), déi si 2005 mat dem « Diplôme de spécialisation en musique contemporaine » ofschléisst.

Kooperatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Als Sängerin huet d'Leana Sealy am Opnamestudio oder am Kader vu Museksprojete mat follgende Museker a Formatioune gespillt: Guy Cabay, Gast Waltzing (Filmmusék, Projet J, Caravane 2000), d'Popformatioun FrantiX an d'Leana Sealy Quintett.

2001 vertrëtt si mat hirem Quintett d'Lëtzebuerger Land beim 2. Europäeschen Jazzfestival vun Athen.

2006 trëtt si als Solist mat dem OPL beim Concert « Pops at the Phil » op.

CDen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2004: On the street where you live. Leana Sealy Quintett. LSBM 0401.
  • 2009: Undecided. WPR Jazz. David Laborier (Gittar), Romain Heck (Bass) a Michel Mootz (Batterie). 11 verschidde Lidder féieren den Nolauschterer duerch d'Welt vun der Musek. Lidder wéi Call the Police vum James Morrison, Man who sold the world vum David Bowie oder och nach Uninvited vum Alanis Morissette si vum Leana Sealy nei interpretéiert ginn a bidden e Meeschterwierk wat Scat, Jazz a Soul matenee verbënnt.

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

  • 1996 Goldmedail beim Concours national pour jeunes solistes vun der UGDA (L)
  • 1996 Präis vum Soziokulturelle Radio 100,7 (L)
  • 2001 Gewënnerin vum "3ème Concours national de jeunes saxophonistes" zu Dinant (B)
  • 2007-2008 Prix d'encouragement bei den Jazz Nights vun der Banque de Luxembourg (L)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Prix supérieur ass e Studienofschloss dee vergläichbar ass mat engem Master.