Maria Gleit

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Maria Gleit, mam richtegen Numm Hertha Gleitsmann, gebuer den 28. Februar 1909 zu Crimmitschau an Däitschland, gestuerwen den 9. Juli 1981 zu Locarno an der Schwäiz, war eng däitsch Schrëftstellerin a Journalistin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Hertha Gleitsmann huet vu 15 Joer un als Sekretärin fir d'Sächsisches Volksblatt zu Zwickau geschafft, wou se och geleeëntlech ënner dem Schrëftstellerpseudonym Maria Gleit Gedichter a Märercher op der Kannersäit publizéiert huet. Do huet si de Journalist Walther Victor, hire spéidere Mentor a Mann, kennegeléiert. Wéi hien 1932 zu Berlin eng Plaz als Feuilleton-Chef beim 8-Uhr-Abendblatt zu Berlin krut, ass si mat him dohi geplënnert. Och do huet si als Readktiounssekretärin geschafft an huet geleeëntlech op der Frae-Säit Gedichter, Theaterrezensiounen a Literaturkritike publizéiert.

Nodeem d'nationalsozialisten un d'Muecht komm waren, huet de Victor, deen an de Jore virdru géint si geschriwwen huet, missen ënnerdauchen, a sou sinn déi zwéin 1934 op Reichenau wunne gaangen.

1935 hunn d'Nazien erausfonnt, wou de Walther Victor, deem se "verbotene Betätigung" (Journalismus) a "rassenschänderisches Zusammenleben" virgeworf hunn, sech verstoppe géif, an hien ass an d'Schwäiz geflücht. 1936 ass d'Maria Gleit him nogaangen, an si hu sech zu Menusio, um Lago Maggiore, néiergelooss. An der Zäit bis 1938 huet d'Maria Gleit eng Rëtsch Romaner, Kannerbicher an Erzielunge geschriwwen. Do donieft huet se fir verschiddenen Zeitungen, dorënner d'Escher Tageblatt, Rezensiounen an Artikelen zu Anniversairë vu literaresche Perséinlechkeete geschriwwen.

D'Koppel konnt sech sou am Exil eleng duerch Schreiwen iwwer Waasser halen, och wann s'allen zwéi geklot hunn, se kéinten dowéinst net déi "déif" literaresch Aarbechte maachen, déi se gär schreiwe wéilten.

Am Juli koum hiert Kand Vito op d'Welt, a se huet sech doropshi mam Victor zu London bestuet.

1938 huet d'Schwäiz hir Openthaltserlaabnes net méi verlängert, a si ass mam Walther Victor op Lëtzebuerg wunne gaangen, wou de Victor gutt Kontakter mam Hubert Clément, dem Direkter vum Tageblatt a Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht, hat. Si haten eng Openthaltserlaabnes fir just 3 Deeg, sinn awer schlussendlech bal 1 Joer zu Lëtzebuerg bliwwen. D'Maria Gleit huet, wéi hire Mann, fir dTageblatt an dA-Z Luxemburger Illustrierte geschriwwen, meeschtens Feuilleton, dorënner, an der A-Z, eng Serie iwwer Frae-Portraitën, mä och e Fortsetzungsroman Kleine Liebe in St. Moritz.

Hiert Kannerbuch Su Tu Sai führt Krieg gouf 1939 op Englesch adaptéiert, an hat e grousse Succès an England, a gouf dat Joer drop och an aner Sproochen iwwersat.

Am Summer 1939, wou se sech zu Lëtzebuerg net méi virun den Nazie sécher gefillt huet, ass si mat hirer Famill op Paräis geplënnert, wou se e Visum fir 6 Méint kruten, fir dann op Martinique virunzefueren. Hiert Zil waren awer zanter 1938 d'USA. Vu Paräis aus huet si weider Artikele fir d'Tageblatt an dA-Z geschriwwen, mä och fir dPariser Tageszeitung, eng Zeitung fir däischsproocheg Emigranten.

Am Februar 1940 gouf hir hir däitsch Nationalitéit entzunn, well se géint d'Nürnberger Gesetzer verstouss hat. Mat Hëllef vun hire Bezéiungen zu Lëtzebuerg konnt si, wéi och hire Mann, dee schonn 1939 ausgebiergert gi war, sou genannten Nansen-Päss fir Apatridë kréien.

Nom Däitschen Iwwerfall, am Mee/Juni 1940, ass si mat hirem Kand op Montauban fortgelaf, hire Mann war an en Auslänner-Lager komm, konnt sech vun do awer och bis op Montauban duerchschloen. Vu Marseille aus hunn se e Visa fir Amerika kritt, wuer se, iwwer Spuenien a Portugal, de 4. Oktober vu Lissabon aus, hifuere konnten. Mam selwechte Schëff waren ë. a. och de Franz Werfel, de Lion Feuchtwanger an den Heinrich Mann an d'USA gefuer.

USA[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Jore waren net einfach fir d'Maria Gleit, si huet just geleeëntlech Feuilletone an New-Yorker Exilzeitunge geschriwwen, mä war soss kierperlech a psychesch geschwächt, ë. a., wéinst de Strapaze vu virdrun, wéinst dem Kand dat vill Opmierksamkeet gefuerdert huet an och, well se hir Mamm huet missen an Europa zréckloossen. Hire Mann huet mat Feuilleton-Schreiwen a geleeëntleche Recherchen (dorënner fir de Victor Bodson) d'Famill probéiert iwwer Waasser ze halen, heiansdo huet als Hëllefsaarbechter an enge Pelzfabrik geschafft, fir d'Enner beieneen ze kréien.

Eréischt vun 1943 un gouf si nees méi produktiv, wéi hire Jong bis an d'Schoul goung. Se huet en éischt Kannerbuch op Englesch mam Titel Pierre Keeps Watch geschriwwen an als Sekretärin an enger Literatur-Agence geschafft. Tëscht 1944 an 1949 koume 4 Kanner- a Jugendbicher vun hir am Verlag Charles Scribner's Sons eraus. Zwee dovun, Pierre Keeps Watch a Katrina (1945), spillen am vun den Nazie besate Frankräich, respektiv Lëtzebuerg, a verzielen, wéi Kanner sech dogéint gewiert hunn.

1947 huet si sech vum Walther Victor getrennt: hien hat sech ni richteg (weder berufflech nach kulturell) an Amerika aliewe kënnen a wollt nees an Däitschland hannescht; d'Maria Gleit ass am neie Land besser eens ginn, a wollt näischt méi mat Däitschland ze dinn hunn.

Si huet sech 1950 nees mat engem Schwäizer Geschäftsmann nei bestuet, an ass 1950 mat him an d'Schwäiz gaangen.

Ausser e puer Feuilletonen huet si näischt méi geschriwwen.

Si huet sech am Summer 1981 d'Liewe geholl.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Dësen Artikel baséiert gréisstendeels op der Anke Heimbek hirer Aarbecht "'Schreiben kann man überall'..." (2002).

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Abteilung Herrenmode. Roman eines Warenhausmädels. Amonesta-Verlag Wien, Leipzig, 1933.
  • Macht nichts, Barbara! Zinnen-Verlag Basel, Berlin, Leipzig, Wien, 1933.
  • Streit um Rosel, Hans-Jörg Fischer Verlag, Berlin, Leipzig, 1936 (Kannerbuch).
  • Ein ganzes Mädel, 1937 (Kannerbuch)
  • Mein Vater war auch dabei. 1938 (Jugendbuch)
  • Erde im Morgenwind, Scheuch Verlag, Zürich, 1937
  • (mam Walther Victor): Zwischen Liebe und Völkermord… Der Roman der Mata Hari. 1937, Fortsetzungsroman.
  • Das Rätsel Rasputin: die Geschichte eines dämonischen Mannes. Am Sammelband: Das große Abenteuer. Scheuch-Verlag, Zürich 1937.
  • Junges Weib Veronika. Schönfeld-Verlag Berlin, Leipzig 1937.
  • Das große Los, 1938.
  • Warum schweigen Sie, Mr Duncan?, 1938.
  • Du hast kein Bett, mein Kind. Scheuch-Verlag, Zürich, 1938.
  • Sa Tu Sai führt Krieg. 1938 (Jugendbuch).
  • Mein Vater war auch dabei. 1938, 2. Oplo 1940 (Jugendbuch).
  • Pierre Keeps Watch, New York: Charles Scribner's Sons, 1944. (Jugendbuch).
  • Katrina, New York 1945. (Jugendbuch).
  • Niko's Mountains, New York 1946. (Jugendbuch).
  • Paul Tiber, Forester, New York 1949. (Jugendbuch).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Heimberg, Anke: "Die Exilschriftstellerin und - journalistin Maria Gleit (1909 - 1981) : ein Porträt zum 25. Todestag". In: Galerie : revue culturelle et pédagogique. (2006), n° 1, S. 114-142.
  • Heimberg, Anke: " 'Schreiben kann man überall. Das ist das Gute an meinem Beruf': Die Schriftstellerin Maria Gleit im Exil." In: Julia Schöll (Hg.): Gender – Exil –schreiben. Königshausen & Neumann, 2002, S.41-68. ISBN 3826023609, ISBN 9783826023606.
  • Sowa, Carlo: "Maria Glei und Walther Victor". In: Galerie : revue culturelle et pédagogique (1991), n° 3, S.404-417.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]