Near Earth Asteroid Tracking
Dësen Artikel beschäftegt sech mat "NEAT" am Kontext vum Asteroide-Sichen. Fir aner Bedeitunge vum Akronym NEAT, kuckt wgl. NEAT. |
NEAT (Near Earth Asteroid Tracking) ass e Projet vum Jet Propulsion Laboratory (JPL) fir den Himmel z'iwwerwaachen, dat an Zesummenaarbecht mat der US-Loftwaff an der US-Raumfaartadministratioun NASA. Säin Zil ass d'Opspiere vun allen äerdnoen Asteroiden, fir sou fréi wéi méiglech (am Idealfall Jore bis Joerzéngte virdrun) virun enger geféierlecher Kollisioun vun der Äerd mat engem Asteroid virgewarnt ze sinn.
Am Kader vum Iwwerwaachungsprogramm goufen och en ettlech nei Koméiten entdeckt. (Mat Stand vum Mee 2004 waren et 43 Koméiten). All déi Koméiten droen den Nummdeell 'NEAT', oder (wann d'Entdeckung gläichzäiteg engem aneren Observateur oder enger anerer Observateursgrupp gelonge war) e kombinéierten, wéi z. B. ‚NEAT-LINEAR‘.
Eng besonnesch Bedeitung hat de Koméit mat der Bezeechnung C/2001 Q4 (NEAT), deen de 24. August 2001 entdeckt gouf an am Mee 2004 eng Visuell Magnitude vu ronn erreecht hat. Ongeféier gläichzäiteg hat och de Koméit C/2002 T7 (LINEAR) seng gréisst Hellegkeet erreecht, soudatt een op der südlecher Hemisphär vun der Äerd mat bloussem A gläichzäiteg zwéin hell Koméite gesi konnt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lincoln Near Earth Asteroid Research (LINEAR)
- Lowell Observatory Near-Earth-Object Search LONEOS
- OCA – DLR Asteroid Survey (ODAS)
- Koméitelëschten
- Lëscht vun den Asteroiden
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Asteroidengefahr: Weltrettung für Fortgeschrittene (Der Spiegel, 29. Oktober 2010)