Norbert Berens

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Pedagog an Auteur Norbert Berens. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Berens.
Norbert Berens
Gebuer 29. Mee 1948
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Saachbuchauteur, Erzéier, Schrëftsteller

Den Norbert Mario Berens, gebuer den 29. Mee 1948 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Pedagog an Auteur.

No der Primärschoul um Lampertsbierg a senger Première, Section latine, am Jongelycée huet hie säi Studium um deemolege Pedagogeschen Institut zu Walfer ofgeschloss. Duerno huet hie bis 1981 a verschiddene Stater Primärschoulen Schoul gehalen an a senger Fräizäit mat de Jongen am Erzéiungsheem zu Dräibuer geléiert. Hie gouf an de Jugendschutz delegéiert an huet sech och eng Zäit ëm Jonge gekëmmert, déi provisoresch fräi komm waren.

Vu Mëtt der 1970er Joren un huet hien a senger Klass als Alternativ zum Reliounsunterrecht, an zu der problematescher "drëtter Méiglechkeet", also enger schoulfräier Stonn, e reliounsneutralen Eethik-Cours gehalen. Dat war méiglech op Basis vum Artikel 23 vum Schoulgesetz vum 10. August 1912, deen et de Gemengenautoritéiten erlaabt huet, am Averständnes mat der Regierung en zousätzlecht Schoulfach anzeféiere wann déi lokal Ëmstänn dat erfuerderen.

Schonn no kuerzer Zäit huet d'Gemeng Lëtzebuerg dëse Cours an der ganzer Stad ugebueden. Aner Gemengen hu gefrot, de Programm iwwerhuelen ze däerfen, a sou huet de reliounsneutralen Eethik-Cours sech no an no am ganze Land verbreet[1].

Vum Schouljoer 1981-82 bis 1992-93 huet den Norbert Berens fir de Schouldéngscht vun der Stad Lëtzebuerg geschafft. Zu sengen Aarbechtskompetenzen hunn dunn ë. a. gehéiert:

  • D'Aféiere vun der Informatik an den Opbau vum computerënnerstëtzten Unterrecht an de Primärschoulen, wat vun 1982-83 un a groussem Stil geschitt ass;
  • de weideren Opbau vun der Formation continue fir d'Léierpersonal;
  • d'kulturell Animatioun an de Schoulen, an
  • den Opbau vun engem zentral organiséierten, reliounsneutralen Eethik-Unterrecht, deen no kuerzer Zäit allgemeng Éducation morale et sociale (EMS) – Moral- und Sozialunterricht genannt gouf.

1988 war den Norbert Berens Grënnungsmember vum Institut européen de développement des potentialités de tous les enfants (IEDPE), mat Sëtz zu Paräis, en internationaalt Institut dat mat Ënnerstëtzung vun der Europäescher Kommissioun a villen europäesche Länner funktionéiert huet. Vun 1988 bis 1994 war hien do Member vum Verwaltungsrot an huet sou un de Recherchen, den Innovatiounen an de Formatioune vum IEDPE aktiv matgeschafft.

Vun 1989 un huet hien zu Lëtzebuerg fir den Unterrechtsministère eng national Kommissioun geleet där hir Aufgab et war, didaktescht Material fir den EMS-Cours auszeschaffen. 1992 ass hien du ganz an den Unterrechtsministère gewiesselt.

Vun 1991 bis 2006 huet en des Weidere Coursen iwwer d'Pedagogie vun der Eethik gehalen; déi Formatioun huet sech um Ufank un dat aktiivt Léierpersonal, inklusiv d'Chargé-de-course geriicht; duerno huet den Norbert Berens och fir d'Pedagogiestudenten op der Héichschoul ISERP an duerno op der Fakultéit III vun der Universitéit Lëtzebuerg Cours gehalen, wou d'Pedagogie vum reliounsneutralen Eethikunterrecht zum Flichtfach gi war.

Nieft reegelméissege Bäiträg am Lëtzebuerger Journal a Kommentaren op Radio Lëtzebuerg huet den Norbert Berens och e puer Joer laang d'Kanner-Emissioun "Diabolo" op Radio Lëtzebuerg moderéiert.

Zanter 2000 verëffentlecht hie pedagogesch Bänn beim Auer Verlag zu Donauwörth an zanter 2011 och beim Brigg Pädagogik Verlag zu Augsburg.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Romaner[änneren | Quelltext änneren]

  • DIE AFFÄRE, Roman. 1. Oplo Oktober 1982, 2. Oplo November 1982, Éditions John Schmit, Capellen
  • DER FLUCH DER BARRANÄER, Politthriller, 2015, eBook, Kindle Edition
  • DER FLUCH DER BARRANÄER, Politthriller, 2015, Amazon CreateSpace Edition, ISBN 1512315583

Märchen[änneren | Quelltext änneren]

  • DER LEHRER, DER IN EINEM BUCH WOHNTE, Märchen, 2012, eBook, Kindle Edition

Fachbicher[änneren | Quelltext änneren]

  • FASCINUM ET TERRIFICUM, Religionen in Luxemburg 1989, 2015, eBook, Kindle Edition
  • FASCINUM ET TERRIFICUM, Religionen in Luxemburg 1989, 2015, Amazon CreateSpace Edition, ISBN 1522923675

Pedagogesch Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • DIE PROTESTANTISCHEN KIRCHEN SOWIE WEITERE RELIGIONEN UND ANSICHTEN, 1989, Mémorial 1989, Éditions mosellanes.
  • FASCINUM ET TERRIFICUM, Sekten und Religionen, 1990, Lëtzebuerger Revue (L)
  • ICH, Moral- und Sozialunterricht, an Zesummenaarbecht mat Gaby Feiereisen-May, Michel Grevis, Marguerite Koob, Madeleine Weisgerber, Nathalie Zahles, 1994, Ministère de l'Éducation Nationale, Lëtzebuerg
  • DU, Moral- und Sozialunterricht, an Zesummenaarbecht mat Gaby Feiereisen-May, Michel Grevis, Marguerite Koob, Madeleine Weisgerber, Nathalie Zahles, 1997, Ministère de l'Éducation Nationale, Lëtzebuerg
  • FREUNDSCHAFT-FEINDSCHAFT, Moral- und Sozialunterricht, an Zesummenaarbecht mat Gaby Feiereisen-May, Michel Grevis, Marguerite Koob, Madeleine Weisgerber, Nathalie Zahles, 1997, Ministère de l'Éducation Nationale, Lëtzebuerg
  • SEXUALITÄT, Moral- und Sozialunterricht, an Zesummenaarbecht mat Gaby Feiereisen-May, Michel Grevis, Marguerite Koob, Madeleine Weisgerber, Nathalie Zahles, 1997, Ministère de l'Éducation Nationale, Lëtzebuerg
  • FAMILIE, Moral- und Sozialunterricht, an Zesummenaarbecht mat Gaby Feiereisen-May, Michel Grevis, Marguerite Koob, Madeleine Weisgerber, Nathalie Zahles, 1998, Ministère de l'Éducation Nationale, Lëtzebuerg
  • DIE WELT ALS LEBENSRAUM, Moral- und Sozialunterricht, an Zesummenaarbecht mat Gaby Feiereisen-May, Michel Grevis, Marguerite Koob, Madeleine Weisgerber, Nathalie Zahles, 1998, Ministère de l'Éducation Nationale, Lëtzebuerg
  • UMFELD: FREIZEIT-SCHULE, Moral- und Sozialunterricht, an Zesummenaarbecht mat Gaby Feiereisen-May, Michel Grevis, Marguerite Koob, Madeleine Weisgerber, Nathalie Zahles, 1998, Ministère de l'Éducation Nationale, Lëtzebuerg
  • GESETZE-SPIELREGELN, Moral- und Sozialunterricht, an Zesummenaarbecht mat Gaby Feiereisen-May, Michel Grevis, Marguerite Koob, Madeleine Weisgerber, Nathalie Zahles, 1998, Ministère de l'Éducation Nationale, Lëtzebuerg
  • MASSENMEDIEN, Moral- und Sozialunterricht, an Zesummenaarbecht mat Gaby Feiereisen-May, Michel Grevis, Marguerite Koob, Madeleine Weisgerber, Nathalie Zahles, 2000, Ministère de l'Éducation Nationale, Lëtzebuerg
  • SO BIN ICH, an Zesummenaarbecht mat der Marguerite Koob, 2000, Ludwig Auer Verlag, Donauwörth (D), ISBN 3-403-03169-1
  • DAS BIST DU, an Zesummenaarbecht mat der Marguerite Koob, 2000, Ludwig Auer Verlag, Donauwörth (D), ISBN 3-403-03170-5
  • MÄDCHEN UND JUNGEN, an Zesummenaarbecht mat der Marguerite Koob, 2001, Ludwig Auer Verlag, Donauwörth (D), ISBN 3-403-03171-3
  • FREUNDE - GEGNER - FEINDE, an Zesummenaarbecht mat der Marguerite Koob, 2000, Ludwig Auer Verlag, Donauwörth (D), ISBN 3-403-03172-1
  • KLEINE PHILOSOPHEN – GROSSE DENKER. Philosophieren mit Kindern in der Grundschule, an Zesummenaarbecht mat der Marguerite Koob, 2006, Ludwig Auer Verlag, Donauwörth (D), ISBN 3-403-041255
  • DAS KLEINE WERTE-LEXIKON, 2011, Brigg-Pädagogik Verlag, Augsburg (D), ISBN 3-871-016373
  • DER ETHIK UNTERRICHT, 2011, Brigg-Pädagogik Verlag, Augsburg (D), ISBN 3-871-012823
  • TEXTSAMMLUNG ETHIK, Anthologie mat Kuerzgeschichte fir de Sekundarunterrecht, 2011, Brigg-Pädagogik Verlag, Augsburg (D), ISBN 3-871-017299
  • ZUEINANDER FINDEN – MITEINANDER ARBEITEN, an Zesummenaarbecht mat der Marguerite Koob, 2012, Ludwig Auer Verlag, Donauwörth (D), ISBN 3-403-068242
  • MIT KONFLIKTEN UMGEHEN, an Zesummenaarbecht mat der Marguerite Koob, 2012, Ludwig Auer Verlag, Donauwörth (D), ISBN 3-403-068307
  • RHYTHMEN; RITUALE UND ORDNUNGEN SCHÄTZEN, an Zesummenaarbecht mat der Marguerite Koob, 2012, Ludwig Auer Verlag, Donauwörth (D), ISBN 3-403-068226
  • KULTUR IN IHRER VIELFALT ENTDECKEN UND ACHTEN, an Zesummenaarbecht mat der Marguerite Koob, 2012, Ludwig Auer Verlag, Donauwörth (D), ISBN 3-403-068250
  • FREI SEIN UND VERANTWORTUNG ÜBERNEHMEN, an Zesummenaarbecht mat der Marguerite Koob, 2012, Ludwig Auer Verlag, Donauwörth (D), ISBN 3-403-068285
  • MITEINANDER LEBEN – MIT GEFÜHLEN UMGEHEN, an Zesummenaarbecht mat der Marguerite Koob, 2012, Ludwig Auer Verlag, Donauwörth (D), ISBN 3-403-068218
  • MIT ERFOLG UND VERSAGEN UMGEHEN - WÜNSCHE HABEN, an Zesummenaarbecht mat der Marguerite Koob, 2013, Ludwig Auer Verlag, Donauwörth (D), ISBN 3-403-068293
  • UMWELT SCHÜTZEN, an Zesummenaarbecht mat der Marguerite Koob, 2013, Ludwig Auer Verlag, Donauwörth (D), ISBN 3-403-068269
  • STAUNEN LERNEN UND ACHTUNG EMPFINDEN, an Zesummenaarbecht mat der Marguerite Koob, 2013, Ludwig Auer Verlag, Donauwörth, ISBN 3-403-068234
  • ÜBER LEBEN UND TOD NACHDENKEN,an Zesummenaarbecht mat der Marguerite Koob, 2013, Ludwig Auer Verlag, Donauwörth, ISBN 3-403-068277

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Et huet awer nach bis 1998 gedauert bis duerch d'Gesetz vum 10. Juli 1998 de reliounsneutralen Eethik Unterrecht, Éducation morale et sociale genannt, offiziell als reguläert Fach an als eenzeg Alternativ zum Reliounsunterrecht an de Lëtzebuerger Primärschoulen ageféiert gouf. E Règlement grand-ducal huet den 3. August 1998 dat Gesetz komplettéiert