Papa Roach
Papa Roach ass eng US-amerikanesch Museksgrupp aus Kalifornien. Hire Genre gëtt als Nu Metal oder Alternative Metal, heiansdo och als Metalcore bezeechent.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
D'Band gouf 1993 zu Vacaville, Kalifornien vum Jacoby Shaddix (Gesang), Jerry Horton (Gittar), Will James (Bass) an Dave Buckner (Batterie) gegrënnt. Si goufe schnell als Live-Band bekannt a konnte scho gläich als Virband vu bekannte Gruppe wéi den Deftones oder de Suicidal Tendencies spillen.
1996 huet de Tobin Esperance de Will James um Bass ersat. Nëmmen e puer Méint no deem Wiessel hu si ënnert hirem eegene Plackelabel Onion Hardcore den éischten Album Old Friends for Young Years opgeholl, deen zum Deel vum Tobin Esperance sengem Papp produzéiert gouf, awer et net bis an d'Charts gepackt huet.
1999 goufe si vun DreamWorks ënner Vertrag geholl an hunn den Album Infest opgeholl. Heimatter hu si den Duerchbroch gepackt a sinn an den Mainstream gerutscht. An der éischter Woch gouf den Album iwwer 30.000 mol verkaaft. Déi éischt Single, Last Resort, ass haut eent vun hiren bekannteste Lidder. Elo hu si net méi als Virband gespillt, mä si ware lo selwer d'Headliner vu grousse Festivallen, wéi der Vans Warped Tour, an hunn och eng eegen Tournee gemaach.
Véier Joer no hirem groussen Erfolleg hu si hiren 3. Album, Getting Away with Murder opgeholl. Dëse war, haaptsächlech wéinst der Single Scars och ee groussen Erfolleg, allerdéngs gouf en däitlech manner verkaaft wéi de Virgänger Infest. 2006 si si erëm an d'Studioe gaange fir hire 4. Album, The Paramour Sessions, opzehuelen. Do sinn zwee vun hire beléifstenste Lidder drop, d'Hardcore-Stéck To Be Loved an dat méi rouegt Stéck Forever.
Nodeems den Tony Palermo den Dave Buckner ersat hat gouf 2009 Metarmorphosis, de 5. Album opgeholl. Déi éischt Single vun dem neien Album war Hollywood Whore, déi gratis, ausser a Kanada, vun hirer Websäit konnt erofgeluede ginn.
Stil [änneren]
Als Haaptgenre vunPapa Roach gëtt oft den Nu Metal genannt. Dëst ass och zoutreffend, mä am Géigesaz zu aneren Nu Metal-Bands, wéi Linkin Park oder Limp Bizkit schafft Papa Roach net esou vill mat Rap- oder Hip-Hop-Elementer. Ausnahmen sinn do op den éischten Albumen Old Friends from Young Years an Infest.
D'Texter ginn haaptsächlech vum Jacoby Shaddix geschriwwen, oft immens poetesch.
Trivia [änneren]
- D'Maskottche vun der Band ass eng Kakerlak. Dëst huet mam Numm vun der Band, Papa Roach als Uspillung op Cockroach, dat englescht Wuert fir Kakerlak, an och mat dem Cover vun Infest an dem Lidd Between Angels and Insects ze dinn.
- Den Numm vum Plackelabel Onion Hardcore huet mat der Heemechtsstad vun der Band ze dinn an där vill Ënnen ugebaut ginn.
- Zënter dem Album Getting Away with Murder trëtt de Sänger vun der Band ënnert sengem richtegen Numm Jacoby Shaddix op, an net méi ënnert sengem Spëtznumm Coby Dick.
- Papa Roach huet bis elo dräimol zu Lëtzebuerg gespillt: 2009 um Rock-A-Field zu Réiser, am August 2010 an der Rockhal an am selwechte Joer nach eng Kéier an der Rockhal am Kader vum Rockstar Taste Of Chaos.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Papa Roach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- paparoach.com (en)
- hit the floor Video-Interview, Dezember 2010 (en)