Parkscheif

Vu Wikipedia
Plastiks Parkscheif
Stationéieren nëmme mam Disk, zu Miersch

Eng Parkscheif oder en Disk ((de) Parkscheibe, (fr) disque de stationnement) ass en Dispositif fir d'Limitt vun enger Park- oder Stationéierungsdauer ze kontrolléieren.

D'Parkscheif besteet aus enger Housse aus Kartrong oder Plastik an där eng Scheif, déi een dréine kann, dran ass. Den Automobilist dréint esou um Disk, datt d'Auerzäit wéini hien op der Stationéierungs- oder Parkplaz ukomm ass, an enger klenger Fënster op der Parkscheif ugewise gëtt an doraus ergëtt sech – jee no de lokale Bestëmmungen an der Beschëlderung – wéi laang datt en do stoebleiwen däerf.

Zu Lëtzebuerg gëtt de Gebrauch vum Disk mam Artikel 167bis vum Code de la route gereegelt. Dee schreift ë. a. vir, datt et net erlaabt ass eng falsch Auerzäit um Disk anzestellen oder déi initial Zäit z'änneren, ouni datt den Auto geréckelt gouf[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

A Frankräich gouf d'Parkscheif am Joer 1957 zu Paräis agefouert, an Éisträich 1959 am 1. Bezierk zu Wien an an Däitschland 1961 zu Kassel. An der Stad Lëtzebuerg gouf den Disk de 5. Juli 1965 agefouert[2], zu Esch-Uelzecht war et den 10. Oktober 1968[3].

Uganks hat all Land en eegene Modell vum Disk, ier en 1979 op europäeschem Niveau standardiséiert gouf.

A verschiddene Länner waren déi Parkplazen, wou een den Disk huet misse stellen, mat enger bloer Markéierung um Buedem gezeechent wouraus sech den Numm « zone bleue » fir déi Plazen entwéckelt huet. D'Zone bleue war och zu Lëtzebuerg e Begrëff, och wann d'Plazen ni blo markéiert waren.

Hautdesdaags ass de Gebrauch vum Disk nach a méi klenge Stied am Gebrauch, e gouf awer gréisstendeels mat der Parkauer oder mam Ticketsautomat ersat, mat deenen et méiglech ass d'Parkdauer méi effizient ze kontrolléieren a virun allem fir eng Tax anzedreiwen. An der Stad Lëtzebuerg war et 1990 eriwwer mam gratis Parke mat der Parkscheif[4].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Parkscheif – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 16.05.2024.
  2. (de)Blaue Zone in der Hauptstadt –. Luxemburger Wort, 118. Jg., n° 183/184, p. 7 (03.07.1965). Gekuckt de(n) 15.05.2024.
  3. (de)In Esch/Alzette besteht seit gestern die „Zone bleue”. Luxemburger Wort, 121. Jg., n° 285, p. 7. (11.10.1968). Gekuckt de(n) 16.05.2024.
  4. (de)Abschaffung der zone bleue. d'Letzeburger Land, 37. Jg., nº 7, p. 7 (16.02.1990). Gekuckt de(n) 16.05.2024.