Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ

Vu Wikipedia
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ
Ofkierzung d'PARTEI
President Jeff Cigrand
Generalsekretär Jil Eiffes
Fondateuren Jeff Cigrand, Florian Holtgen, Ayla Hentges
Gegrënnt 09.12.2019
Parteizentral

70, rue Camille Wampach

L-2739 Lëtzebuerg
Ideologie Satir
Politesch Positioun Zentrum
Faarf Himmelblo 
Slogan Wielt d'PARTEI, well si ass gutt.
Hymn Die Endgültige Parteihymne
Websäit
partei.lu/

D'Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ[1] (kuerz: d'PARTEI) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei déi den 9. Dezember 2019 gegrënnt gouf[2]. D'PARTEI ass d'Lëtzebuerger Schwësterpartei vun der däitscher Satirpartei Die PARTEI. Si huet momentan keng Mandater.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'PARTEI gouf mat der Iddi fir méi Satir an d'Lëtzebuerger Politiklandschaft ze brénge gegrënnt[3]. Zanterhier probéiert si mat Witz a Satir anere Parteien a politesche Beweegungen de Spigel virzehalen.

Juristesch Affären[änneren | Quelltext änneren]

D'PARTEI an hire President goufen 2021 vum Christian Isekin, deemolege President vun der Partei PID a Leeder vu verschiddene libertäre Mouvementer, ugeklot[4]. D'Behaaptung war, datt duerch d'politesch Aktioun de Ruff vum Här Isekin a sengem Mouvement geschiedegt gi wier. D'Klo géint d'PARTEI gouf als net fondéiert klasséiert an den Här Isekin huet misse Schuedenersaz leeschten[Source?].

Walen[änneren | Quelltext änneren]

Den 16. Oktober 2023 huet d'PARTEI ugekënnegt bei den EU-Walen 2024 unzetrieden, ënnert dem Motto: "D'EU endgülteg Splécken"[5].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ursprénglechen Numm: „Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Eliteförderung a basisdemokraktesch Initiativ“
  2. (fr)F12673 - Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ. lbr.lu. Gekuckt de(n) 16.09.2023.
  3. (lb)"d'Partei", eng nei Partei. www.rtl.lu. rtl.lu (25.01.2020). Gekuckt de(n) 16.09.2023.
  4. (fr)Sophie Kieffer, Procès pour diffamation : «Fasciste n'est pas un compliment». Gekuckt de(n) 16.09.2023.
  5. (en)d'PARTEI News // EU, mir kommen!. Gekuckt de(n) 2023-10-16.