Ranga Yogeshwar

Vu Wikipedia
Ranga Yogeshwar
Gebuer 18. Mee 1959
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Dikrecher Kolléisch
Aktivitéit Televisiounsmoderateur, Schrëftsteller
Ranga Yogeshwar um March for Science (2017), deen hien matorganiséiert huet

De Ranganathan ("Ranga") Yogeshwar, gebuer den 18. Mee 1959 zu Lëtzebuerg, ass e Physiker an Auteur, deen als Redakter a Moderater bei der däitscher Televisiounschaîne WDR geschafft huet.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Ranga Yogeshwar ass d'Kand vun engem indeschen Ingenieur an enger lëtzebuergescher Konschthistorikerin, an den Enkel vum indesche Bibliothecaire an Erfinder vun der Colon-Klassifikatioun, dem S. R. Ranganathan (1892–1972).

Hien huet en Zwillingsbrudder, deen och Physiker ass, an eng méi jonk Schwëster. Säi Papp, deen och Ranga Yogeshwar heescht, hat eng kleng Roll am lëtzebuergesche Film Congé fir e Mord.

Hien ass an Indien an zu Lëtzebuerg an d'Primaireschoul gaangen, an huet säi Secondaire am Lycée Classique zu Dikrech gemaach, gläichzäiteg huet hien am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg[1], mat engem Fokus op Piano, Musek studéiert.

Duerno huet hien op der RWTH zu Oochen experimentell Physik mat de Schwéierpunkten "Experimentell Elementarpartikelphysik an Astrophysik" studéiert an dee Studium mat engem Diplom ofgeschloss. Nom Studium huet hien eng Zäit am Schweizer Institut für Nuklearforschung (SIN), um CERN zu Genf an um Fuerschungszentrum vu Jülich geschafft.

De Ranga Yogeshwar lieft zu Hennef no bei Bonn, ass bestuet an huet 4 Kanner.

De Yogeshwar huet d'Philosophie vum Immanuel Kant als eng vu senge Wäerterquellen zitéiert.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1983 un huet hien ufanks bei verschiddene Verlagshaiser, duerno beim Radio a bei der Televisioun geschafft. 1987 huet hie beim Jean Pütz beim Westdeutsche Rundfunk zu Köln als Redakter geschafft, mat deem e bis 1990 an der Wissenschaftsshow zesummen opgetrueden ass.

1993 krut de Yogeshwar seng eegen Emissioun, Quarks & Co, déi hie bis 2019 moderéiert huet.

Aner Emissiounen, déi en, eleng oder mat anere moderéiert huet, waren Kopfball, Globus, Wissenschaft live, an, zanter 2006, W wie Wissen an Die große Show der Naturwunder (mam Frank Elstner).

Hanner de Kulisse war de Yogeshwar vun 1995 bis 2001 delegéierten Direkter a vun 2001 bis 2005 Direkter vun der Programmgruppe Wissenschaft Fernsehen vum WDR.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Ranga Yogeshwar, Robert Müller: Aids. Was ist Aids? Fragen und Antworten. vgs, Köln 1987, ISBN 3-8025-1245-6
  • Der Kunststoffreport
  • Risiko und Chancen: Asbest.
  • mam Robert Müller: Aids. Was ist Aids? Fragen und Antworten. vgs, Köln 1987, ISBN 3-8025-1245-6.
  • Sonst noch Fragen? Warum Frauen kalte Füße haben und andere Rätsel des Alltags. 33. Edition. Kiepenheuer & Witsch, Köln 2009, ISBN 978-3-462-04108-8.
  • Ach so! Warum der Apfel vom Baum fällt und weitere Rätsel des Alltags. Mit Illustrationen des Autors. 10. Auflage. Kiepenheuer & Witsch, Köln 2010, ISBN 978-3-462-04265-8.
  • mam Klaus Töpfer: Unsere Zukunft: Ein Gespräch über die Welt nach Fukushima. Beck, München 2011, ISBN 978-3-406-62922-8.
  • Die fabelhafte Entdeckung einer kleinen Weisheit von großer Bedeutung.Ein indisches Märchen. FISCHER Kinder- und Jugendbuch, Frankfurt am Main 2012, ISBN 978-3-596-85478-3. Illustriert von Nina Dulleck.
  • Mein digitaler Verrat. Ein Überwachungsselbstversuch. In: Frankfurter Allgemeine Zeitung, 28. Oktober 2013.
  • Digitale Aufklärung. Ein gefährlicher Pakt. In: Frankfurter Allgemeine Zeitung, 17. März 2014.
  • Nächste Ausfahrt Zukunft. Geschichten aus einer Welt im Wandel Kiepenheuer & Witsch, Köln 2017, ISBN 978-3-462-05113-1.

Televisioun-Moderatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1990–1999: Kopfball, WDR Fernsehen
  • 1993–2018: Quarks, WDR Fernsehen
  • 2000–2002: Globus, Das Erste
  • 2006–2017: Die große Show der Naturwunder, Das Erste
  • 2006–2007: W wie Wissen, Das Erste
  • 2008–2012: Wissen vor acht, Das Erste
  • 2010–2011: Die große Wissensshow mit Ranga Yogeshwar, Das Erste
  • 2012–2013: Yogeshwar & Schöneberger, Das Erste

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Helmut Schmidt Journalistenpreis (1998)
  • Georg von Holtzbrinck Preis für Journalistik (1998)
  • Deutscher Denkmalschutzpreis (1998)
  • Preis der deutschen Influenzagesellschaft (1998)
  • Journalistenpreis der Deutschen Gesellschaft für Ernährung (1996 an 2001)
  • Grand Prix vum Ekotop-Filmfestival (1997 an 1998)
  • Preis der Bundeszahnärztekammer (1999)
  • Eduard-Rhein Kulturpreis (2000)
  • Essener Universitätspreis (2000)
  • Prix Leonardo Parma, vun der Fondazione Medikinale International Parma ( 2001)
  • En Asteroid, den (20522) Yogeshwar gouf 2001 no him benannt.
  • Prix medial (2002)
  • Oskar-von-Miller-Medaille in Gold, vum Deutsche Museum zu München (2002)
  • Medaille für Naturwissenschaftliche Publizistik, vun der Deutsche Physikalische Gesellschaft) (2002)
  • Besondere Ehrung des Deutschen Volkshochschul-Verbandes (2003)
  • Bornheimer, e pedagogeschen Éierepräis vun der däitscher Europaschoul vu Bornheim (2004)
  • Preis für Wissenschaftspublizistik, vun der Deutsche Gesellschaft für Psychologie) (2006)
  • Die Saure Gurke (2006)
  • Minerva Preis Jülich (2006)
  • Deutscher IQ-Preis, vu Mensa in Deutschland (2007)[2]
  • Verdienstkreuz der Bundesrepublik Deutschland, fir den Asaz fir Refugeiert (2007)
  • Hans Bausch Mediapreis ( 2007)[3]
  • Stein im Brett 2010, vum Berufsverband Deutscher Geowissenschaftler (2010)[4]
  • Deutscher Fernsehpreis 2011, an der Kategorie Beste Information als Expert fir Fukushima Berichterstattung (2011)
  • Goldenes Lot, vum Verband Deutscher Vermessungsingenieure (2011)[5]
  • HumanAward 2012, Präis fir couragéiert Innovateuren aus der Educatioun, Economie a Wëssenschaft (2012)
  • Karl-Preusker-Medaille 2012, Präis fir säin Engagement fir Bibliothéiken an Informatiounsinstituter (2012)
  • Deutscher Meerespreis, vum GEOMAR Helmholtz-Zentrum für Ozeanforschung Kiel an vun der Deutschen Bank (2013)[6]
  • Görlitzer Meridian-Naturfilmpreis (2014)[7]
  • Medienpreis für Sprachkultur, Sparte Fernsehen (2014)[8]
  • Wissenschaftsjournalist des Jahres 2010, durch Medium Magazin (2010)[9]
  • Verdienstorden des Landes Nordrhein-Westfalen (2017)[10]
  • Officier, vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2018)[11]
  • Medienethik-Award 2018 META Mediepräis vun der Hochschule der Medien Stuttgart (2018)[12]
  • Datenschutzpreis, vun der Gesellschaft für Datenschutz und Datensicherheit (GDD) e. V. (2019)[13]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ranga Yogeshwar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (de)Ranga Yogeshwar - Biographie Archivéiert op 2019-07-01.
  2. (de)Ranga Yogeshwar erhält IQ-Preis 2007.
  3. (de)Hans Bausch Mediapreis des SWR geht an Journalist Ranga Yogeshwar Archivéiert op 2012-07-18.
  4. „Stein im Brett“ an Ranga Yogeshwar Archivéiert op 2016-03-06.
  5. (de)Das GOLDENE LOT.
  6. (de)Ranga Yogeshwar erhält Meerespreis 2013.
  7. 2014 – Ranga Yogeshwar (de).
  8. (de)Ranga Yogeshwar mit Medienpreis für Sprachkultur ausgezeichnet.
  9. Die Journalisten des Jahres 2010.
  10. (de)Ministerpräsidentin Hannelore Kraft verleiht den Verdienstorden des Landes Nordrhein-Westfalen an 26 Bürgerinnen und Bürger.
  11. "Xavier Bettel zeichnet Jean Pütz, Ranga Yogeshwar und Tom Hillenbrand aus." Communiqué, gouvernement.lu, 20.02.2018.
  12. (de)META 2018 – Digitalisierung und Demokratie.
  13. (de)Ranga Yogeshwar erhält GDD-Datenschutzpreis 2019.