Schlass La Fontaine

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Schlass La Fontaine, 16. Joerhonnert
Ausgegruewen Iwwerreschter vum Schlass, Abrëll 2008

La Fontaine ass den Numm vum Schlass vum Péiter Ernest vu Mansfeld, dat dëse vu 1563 un a Clausen baue gelooss huet.

D'Bauaarbechten hu bal 40 Joer gedauert an hunn ugefaangen, wéi de vu Mansfeld a seng zweet Fra, d'Marie de Montmorency, d'Klaus an d'Magréitskapell, déi dozou gehéiert huet, 20 Haiser a weidere Grondbesëtz vun der Abtei Neimënster ofkaaft hunn.

Fir d'Schlass La Fontaine kënnen ze bauen, huet hien d'Strooss tëschent dem Neiduerf a Clausen ënnerbrach an eng nei Trass ronderëm säin Terrain leeë gelooss. Och den alen Déieregaart vun de Grofe vu Lëtzebuerg huet hie gepacht a mat abezunn, an Terrainen, déi der Mënsterabtei gehéiert hunn, mat aneren, déi e kaaft hat, getosch. 1590 gouf ugefaangen, dee ganzen Terrain mat enger Mauer z'ëmfaassen.

Vum Schlass ass haut net méi vill erhalen. Duerch Beschreiwunge vum Jean Guillaume Wiltheim wësse mer, wéi et bannenan dekoréiert war. Op verschiddenen ale Stadpläng, besonnesch op deem vum Dewenter, ass ze gesinn, wou d'Schlass stoung.

Am Schlassgaart gouf e sougenannte Venusbur ugeluecht. Dëst war e véiereckege Baseng mat hallefkreesfërmegen Absiden, mat an der Mëtt enger Venus, déi op engem Wal geridden ass. Ronderëm stoungen eng ettlech Putten- an Déierefiguren, déi Waasser gespaut hunn. Méi spéit gouf nach eng Pergola ronderëm de Baseng ugeluecht.

Dëse Bur, oder wat dervunner erhalen ass, ass zënter 2003 vum Staatsmusée am Gaang, ausgegruewen ze ginn. Och e sougenannten Hypaethrum, eng Zort kënschtlech Grottelandchaft, an de Péitrusbur goufen nees fräigeluecht.

Wéi de Péiter Ernest vu Mansfeld 1604 gestuerwen ass, waren d'Aarbechten nach ëmmer net ofgeschloss. Hien huet säi Besëtz, dorënner d'Schlass "La Fontaine", dem spuenesche Kinnek Felipe III. vermaach.

D'Ruine vum Schlass Mansfeld. Zeechnung vum Nicolas Liez.
Vue op d'Stad Lëtzebuerg mat de Ruine vum Schlass Mansfeld. Zeechnung vum Nicolas Liez.

Um Spaweck [änneren]