Schlass Meesebuerg
D'Schlass vu Meesebuerg steet eng 2 km südwestlech vun der Fiels. Zënter dem 12. Jh. ass do eng Adelsfamill nogewisen. Dat haitegt Schlass am Neo-Renaissance-Stil ass vun 1880. Et ass a Privatbesëtz.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
D'Famill vu Meesebuerg gouf eng éischte Kéier am 12. Joerhonnert ernimmt, wou eng Dame vu Meesebuerg am Déngscht vun der Greefin Ermesinde vu Lëtzebuerg wat. 1176 war de Walter vu Meesebuerg Proprietaire vun enger Buerg do, an 1296 den Eberhart vu Meesebuerg. 1443 huet dem Philipp dem Gudde seng Arméi d'Buerg zerstéiert, se gouf awer erëm viru 1500 nees opgebaut. 1683-84 gouf et op en Neies vum Maréchal de Boufflers seng Truppen zerstéiert. Vun der aler Buerg ass just eng Kapell, e Gruef an Deeler vun der aler Mauer erhalen. De Custine vu Wolz, dee leschten Ierwe vun der Buerg, ass 1794 virun den Truppe vun der Franséischer Revolutioun geflücht. Doropshi gouf se 1798 versteet, an d'Famille vu Fëschbach a Cassal, an duerno de Jean-François Reuter vun Heddersdorf goufe Besëtzer.[1][2]
1880 huet de Prënz vun Arenberg d'Buerg kaf, se ofrappe gelooss an dat Schlass opriichte gelooss, wat haut nach do steet. De Staatsarchitekt Charles Arendt huet d'Pläng dozou gemaach. 1971 koum d'Gebai an de Besëtz vun der Spiegelburg-Famill.[2]
Ufanks vum 21. Joerhonnert gouf et Projeten, d'Schlass mam Park an e Golf-, respektiv e Poloterrain ze integréieren, aus deenen awer, well de Park a sengem ursprénglechen Zoustand hätt missen dru gleewen, näischt gouf. Net zulescht dowéinst gouf d'Schlass Meesebuerg, mat sengen Dépendencen a Landschaftspark ronderëm de 7. Mäerz 2008 als nationaalt Monument klasséiert. Och eenzel Beem am Park vum Schlass sti schonns zënter dem 29. Mäerz 1974 um Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter.
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Buergen a Schlässer
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Fiels
Um Spaweck [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ "Le Château de Meysembourg - Larochette", Larochette: Syndicat d'initiative et de tourisme (fr)
- ↑ 2,0 2,1 "Le château de Meysembourg", www.darkplaces.org. (fr)