Selenographia sive Lunae Descriptio

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Titelsäit vum Buch

Selenographia sive Lunae Descriptio (Latäin, Selenographie oder d'Beschreiwung vum Mound) ass e berühmt Wierk vum Johannes Hevelius, dat am Joer 1647 am Offizin (Atelier) Hünfeld, Danzeg, publizéiert gouf.

Inhaltsverzeechnes

Inhalt [änneren]

Moundkaart vum Johannes Hevelius

D'Selenographia huet eng ganz genee Kartographie vun eisem Äerdmound, déi op d'Observatiounen vum Hevelius baséieren. Op 133 Kofferstéch sinn verschidden Usiichten vum Mound an Zeechnungen vun de gebräichlecheb astronomeschen Instrumenter ofgemolt.

An dem Schrëftwierk vergläicht den Auteur seng eege Fuerschungsaarbechten mat deene vum Galileo Galilei a weist gewëssen Ënnerscheeder op. Den Hevelius weist och dorop hinn, datt d'Qualitéit vun de Moundzeechnungen am Galileo sengem Sidereus Nuncius vun 1610 ongenügend ass.

Bedeitung vum Wierk [änneren]

D'Selenographia ass dem Kinnek Władysław IV. Wasa gewidmet an zesumme mat dem Wierk Almagestum novum astronomiam vum Giovanni Riccioli an dem Francesco Maria Grimaldi goufe si fir méi wéi ee Joerhonnert d'Standardwierk iwwer d'Léier an d'Kartographie vum Mound.

D'Buch gouf wéinst den Drockbiller an de gebrauchte Kofferstéch an de folgende Joerzengte weeweisend fir d'Opmaachung vun naturwëssenschaftleche Wierker. Den Isaac Newton hat sech bei sengem Wierk Philosophiae Naturalis Principia Mathematica beispillsweis un der Selenographia vum Hevelius orientéiert.

Exemplare [änneren]

Haut gëtt et nach ëmmer etlech Exemplare vum Buch. Déi leie beispillsweis op folgende Plazen:

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie